Wee kennt et net, dat berühmt Laache vun der Mona Lisa. Fans vum Leonardo Da Vinci a Konschtinteresséierter am Generelle wäert eng Expo am Musée Condé um Domaine vu Chantilly interesséieren. De Jeff Dondelinger féiert eis duerch d'Ausstellung.

31/05/2019 Expo: Plakeg Mona Lisa

 Sënnlech, rätselhaft a frech. Esou gëtt déi plakeg Mona Lisa beschriwwen. Mat Holzkuel op Wäiss-Téin gemoolt, weist d'Bild eng plakeg Fra mat ronne Brëscht. Kierperhaltung an d'Positioun vun den Hänn sinn d'selwecht ewéi bei der Mona Lisa. Genau ewéi d'Laache vun der Dame, wat typesch fir d'Bild ass. Experten mengen, dat déi plakeg Versioun als Virlag zum berühmten Original gedingt huet.

Eng Ronn 40 vun de Monna Vannaë gi vum 1. Juni un um Schlass Chantilly a Frankräich ausgestallt. Dat ganzt leeft am Kader vun de Festivitéiten zum 500. Doudesdag vum Leonardo da Vinci.

1862 gouf d'Gioconda vum Henri vun Orléans, Herzog vun Aumale, engem grousse Konschtcollecteur kaf. Laang Zäit gouf d'Echtheet vun der plakeger Mona Lisa ugezweiwelt.
Eng rezent Etüd vum Centre de Recherche et de Restauration des Musées de France huet elo Beweiser fonnt, dat d'Joconde nue effektiv am Atelier vum Leonardo Da Vinci hiergestallt ginn ass. D'Bild huet divers Lächer vun Zierkelen, déi fir d'Reproduktioun op en anere Support benotzt gi sinn. Dëst ënnerstëtzt d'Theorie vun der Virlag vun der Mona Lisa. D'Qualitéit an typesch Schraffure weisen op e Lénkshänner hin. Ausserdeem ass d'Bild mat der vum Leonardo Da Vinci entwéckelter Technik sfumato gemoolt ginn. De Pabeier huet och e Filigrane, deen originéiert aus der Toscana vum 15. Joerhonnert.

Um Schlass gi 40 vun der Monna Vanna inspiréiert Wierker aus der ganzer Welt ausgestallt. D'Besicher kënnen dës mam Original vergläichen. 6 vun de Biller si vu Schüler vum Da Vinci gemoolt ginn. D'Ausstellung ass als Enquête opgebaut an erkläert dem Publique d'Resultater vun der Etüd. Ausserdeem soll de Visiteur sech mat der Duerstellung vun der entbléisster Weiblechkeet an hirer Produktioun en Serie an der Renaissance beschäftegen. Ween et interesséiert kann och d'Privatraim vun der Herzogsfamill besichen.