Frae kréien dacks nogesot si wiere gutt doran, am Sechs Saache matenee maachen. Wien dat net hikritt muss sech net opreegen. Multitasking ass souwisou net gutt. D'Julie Dupont seet eis firwat.

03/06/2019 Manner Multitasking ass méi!

Dëse Reportage hei lauschteren, eng Akafslëscht schreiwen, an äert Liiblingslidd sangen. Alles u sech net wierklech schwéier. Probéiert dat awer elo alles beieneen ze maachen. Kritt der dat och nach ëmmer hinn?
Vläicht denkt lo deen een oder aneren vun Iech: jo kloer kee Problem! Meng Fro un Iech dann: maacht der dat alles dann genee sou gutt wéi wann der eng Saach no der anerer maacht? Wahrscheinlech éischter net.

An dowéinst braucht der Iech och elo net schlecht ze fillen. Well eigentlech ass eist Gehir och net drop ausgeluecht 3 verschidde Saache beieneen ze maachen. Déi schlecht Noriicht ass éischter, dass ee konstante Multitasking, respektiv de Versuch, negativ Auswierkungen huet. An zwar permanent.

Eist Gehir gewinnt sech op eemol drun ëmmer méi Informatiounen ze kréien, an alles wëlle beieneen ze maachen. De negativen Effekt dovun ass, dass eist Gehir doduerch sech ofgewinnt bei méi komplexen Themen, d'Zesummenhäng ze sichen. Informatiounen ginn nëmmen nach schnell an iwwerflächlech traitéiert. D'Konsequenz: d'Qualitéit vun der gemaacher Aarbecht hëlt of.

Meeschtens kennt dee Besoin fir 50 Saache beieneen ze maachen doduerch, dass mer mengen mär géifen net genuch maachen. Mär wäre net "produktiv" genuch. Dobäi si mer duerch de Multitasking manner produktiv. Wann der d'Gefill hutt dir kritt Iech net konzentréiert, maacht eng Paus. An zwar bewosst. Schwätzt mat engem Aarbechtskolleg bei der Kaffismaschinn. Trëppelt 4-5 Minutten an der frëscher Loft. Lauschtert een oder zwee Lidder. Gidd ärem Gehir einfach eng Chance fir erëm zou sech ze kommen. Also eng kleng "Sendepaus". Maacht dat bewosst, puermol am Dag, an dir wäert gesinn, dass der méi gemaach kritt zum Schluss vum Dag.