Gutt Tuyauen verbreede sech an de sozialen Netzwierker wéi Laf-Feier. Ganz beléift a vill kommentéiert ass dëser Deeg d'Bananne Blat. Als Verpakung. En Thailännesche Supermarché benotzt se fir frëscht Uebst a Geméis anzewéckelen oder am Pak ze verkafen. Eng natierlech an ëmweltfrëndlech Léisung. Doriwwer eraus och nach flott ze kucken.

Reportage ëmweltfrëndlech Verpakungen

Awer wahrscheinlech keng Solutioun fir eis Supermarché'en. Vu dass d'Bananne Blieder vu wäit kommen, wat den CO2 Ofdrock erhéicht. Mee och hei ginn et eng Rei interessant Alternativen. Verschiddener sinn nach an der Maach:

Eng iessbar Folie aus dem Mëllech Protein Casein.

Se gesäit aus wéi duerchsiichtege Plastik. Den Hiersteller no, wieren d'Iesswueren doranner souguer 500x besser viru Sauerstoff geschützt. wéi a Plastik Folien. Se ass bio-degradabel.
An et kann ee se souguer iessen. Wéi et schéngt, kéint ee verschidden Arôme bäimëschen, zum Beispill Kräier. Ugeholl am Pak ass Instant Zopp aus Pudder, da kann een de ganze Pak an d'kachend Waasser geheien. En ass nämlech Waasser-léislech. A fäerdeg ass d'Zopp. Oder de Kaffi...

Beie-Wuess-Dicher am Plaz vu "Frischhaltefolie"

Dës sinn aus Bio Kotteng, dee mat enger Mëschung aus Bio-Beie-Wuess- Haarz a Jojoba Ueleg traitéiert ass. Frësch Wuere solle sech ganz gutt doranner halen, erkläert d'Angelika Jürgens, déi hannert dem Projet little-bee-fresh stécht.

Also die Lebesnmittel halten definitv mindestens so lange wie in Frischhaltefolie. Wobei die Tücher antibakterielle Eigenschaften durch das Bienenwachs haben und auch etwas atmungsaktiv sind. Das heisst Kondenswasser entsteht nicht so leicht. Man kann Lebensmittel darin einpacken: Obst, Gemüse und Käse. Nicht geeignet sind sie für rohes Fleisch und rohen Fisch.

D'Beie-Wues-Dicher loosse sech mat kalem Waasser an Alkohol-fräiem Spullmëttel wäschen. Et gëtt souguer Reparatur Wuess, falls mol eppes dru kéim, kann ee se kuerzerhand flécken.

Die T kann man bis zu einem Jahr etwa verwenden, bei guter Pflege. Sie sind sehr nachhaltig, weil ich damit grosse Mengen als Frischhaltefolie sparen kann. Ausserdem kann man sie am Ende kompostieren oder als Grillanzünder verwenden.

Eng Firma aus den USA bitt e Styropor Ersatz aus engem Pilz

Dësen Styropor Ersatz entsteet op Basis vum Mycelium. De Pilz gëtt mat engem Niewe Produkt vum Hanf vermëscht an dann eng 5 Deeg laang wuesse gelooss. Datt d'Mëschung sech verbënnt a festegt. Da gëtt alles nees zerklengert, an an déi gewënschte Form gefëllt. No weidere 5 Deeg ass dës komplett ausgefëllt. An da kanns De zum Beispill deng Wäifläsch oder soss eppes Zerbriechleches dra verpaken.
 
Op der Websäit kann ee seng eege personaliséiert Verpakung mat de gewënschte Forme bestellen.

Ecobox: eng Lëtzebuerger Solutioun déi zu Barcelona mam Refresh Präis ausgezeechent gouf

Den nohaltegen Doggy Bag, gëtt zanter leschtem Summer a ville Restauranten a Kantinne ugebueden. A kann ëmmer nees benotzt ginn. Net just fir Iessenzrechter ze verpaken, mee och fir Commanden déi geliwwert oder ofgeholl ginn. De Pfand op der EcoBox ass 5 Euro. 82 Restauranten, 38 Kantinnen, 58 Schoulkantinnen an eng Gemeng am Land maache bis ewell mat. Cheryl Klemens vun der Superdreckskëscht

Wat e Virdeel un der Ecobox ass: et bezilt een eng Kéier 5€ an dann huet ee säi Liewe laang eng neiwäerteg Këscht. Well et kann ee se och, wa se net méi schéin ass oder futti ass, an all deelhuelende Restaurant nees zréckginn.
 

D'Ecobox ass allerdéngs aus Plastik. Se géif no der Liewensdauer awer net am Mier landen, verséchert d'Cheryl Klemens

Et ass awer esou, dass dee Plastik wann en herno net méi ka gebraucht ginn, d.h. wann d'Ecobox net méi schéin ass, huele mir se zréck. Mir gi se duerno bei de Restaurant erëm sichen a schécke se zréck bei de Produzent, deen doraus nei Produiten hierstellt. Dat heescht, mir hu wierklech e Kreeslaf hannendrun.

Do huet d'Superdreckskëscht dann och en Abléck wat mat dem Material genau geschitt.