Haut geet et an eiser Serie vun den Nährstoffer ëm de Kalium. E Mineral-Stoff mat ville wichtege Funktiounen. An engem Géigespiller, mat deem en onbedéngt am Equiliber bleiwe sollt.

Kalium

An dat ass   en anere Mineral-Stoff: nämlech den Natrium. Erkläert d'Danielle Bernard vun der Nationaler Associatioun vun den Diététicienen.

De Kalium mécht éischter, dass mer Waasser iwwer d'Nieren ausscheeden. An den Natrium, wou eben och am Salz ass, hält d'Waasser éischter zréck. An deen Equiiliber ass wichteg, datt mer deen am Kierper hunn tëscht Kalium an Natrium.

Déi gutt Nouvelle: de Kalium ass immens verbreet. Et fënnt een en am Uebst, am Geméis, an de Gromperen, Hülsefriichten, Vollkornprodukter, deels souguer an der Mëllech an am Fleesch. E Mangel ass deemno ganz rar. An dat ass och gutt esou, well de Mineralstoff vill wichteg Kapen op huet.

Danielle Bernard: De Kalium spillt eng grouss Roll an der Weiderleedung vun den Nerven-Impulsen an och an der Muskelkontraktioun. Dofir spillt en eng wichteg Roll bei de Sportler, wann ee mol Krämpercher huet. E spillt eng Roll an der Häerzfunktioun an och an der Regulatioun vum Bluttdrock. Wann een ze vill Salz ësst, huet een éischter héije Bluttdrock an de Kalium kann en éischter erofsetzen.

Wou mer nees bei senger Roll als Géigespiller vum Natrium wären, an der Wichtegkeet, dass déi zwee Mineralstoffer am Equiliber zu enaner stinn. Dat erreecht een am beschten.... richteg: mat enger equilibréierter Ernährung. Danielle Bernard.

Dass een beim Moiesiessen drun denkt bei Vollkorn Produkten en Uebst dobäi. Beim Mëttegiessen d'Geméis netvergësst.  An net scho Moies ufänkt mat salzege Saachen, wéi Ham, Zoossiss... wou ee scho rëm extrem vill Salz hunn.  an eben op déi ganz salzräich Liewensmëttel, wéi Charcuterie, verschidde Kéisen, Chipsen oder esou Saachen, déi reduzéiert an och net all Dag bei ville Molzechten zou sech hëlt.
 

All d'Reportagen aus eiser Serie vun den Nährstoffer, fannt Dir hei: