Joer fir Joer schrumpft d'Biomass vun Insekten ëm 2,5%. Wann et esou virugeet, kéinten et an e puer Joerzéngt keng méi ginn. Datt hätt och uerg Auswierkungen op de Mënsch, warnen Experten wéi den Dr Andreas Segerer. Ee vun de renomméiertesten Insekte-Fuerscher an Däitschland deen haut den Owend op Invitatioun vum Mouvement Ecologique eng Konferenz an der Stad hält. D'Raphaëlle Dickes huet sech am Virfeld mam Mann ënnerhalen.

Insekte-Stierwen: séier reagéieren

3/4 vun allen Déierenaarte sinn Insekten. Duerch hir Vilfalt an hir Mass si si dofir zoustänneg, dass d'Kreesleef an der Natur am Equiliber bleiwen. Sollten d'Insekten ausstierwen, hätt dat Konsequenzen op de ganzen Ökosystem. An um Enn och op de Mënsch, esou den Dr Andreas Segerer vun der Zoologescher Staatssammlung München

Dr Segerer 1

Esou géif ee scho parallel zum Réckgang vun den Insekten, e Réckgang vun de Feld-Vullen observéieren, seet den Däitsche Päiperlécks Spezialist.

Dr Segerer 2

Eng intensiv Landwirtschaft mat Monokulturen, d'Ausdehnung vun de Siidlungen, de Stied an den Industriezonen sinn nieft der chemescher Ëmwelt Belaaschtung d'Ursaache vum Insekte-Stierwen. D'Notze vu Pestiziden an Insektizide vergëft Liewensraim. E grousse Problem wieren awer och  Stéckstoff Dünger a Piff.

Dr Segerer 3

Den Dr Andreas Segerer wëll awer net de Bauer fir dës Situatioun verantwortlech ze maachen. De Problem wär de System an d'Politik wär gefuerdert eppes ze änneren. Wéi zum Beispill de System vun den Agrar-Subventiounen ëm ze krempelen an ekologesch Landwirtschaftlech massiv ze ënnerstëtzen. 

Dr Segerer 4

Ausserdeem plaidéiert den Insekte-Fuerscher nieft enger méi drastescher Restriktioun vum Dünger fir e Verbuet vun de Pestiziden, déi just nach an Noutfäll dierften agesat ginn. Awer och d'Industrie misst Verantwortung iwwerhuelen.Wichteg wier, dass séier gehandelt géif, seet den Andreas Segerer, dee bedauert, dass d'Mënsche sech der Envergure vum Insekte-Stierwen nach net bewosst wieren./sinn

Méi Detailer iwwer Ursaache, Konsequenzen a Méiglechkeeten fir géint d'Insektestierwen virzegoen kritt Der den Owend op der Konferenz. De Rendez-vous ass um 20h am Hotel Parc Belle-Vue an der Stad.