Groussherzog vu Lëtzebuerg, dat ass eng Roll déi ee sech net eraussicht. An déi gëtt een era gebuer. A vu klengem un drop preparéiert. Och mat Mëtt 30 schéngt dee Prozess nach net ofgeschloss. Leschten Hierscht nämlech ass den Ierfgroussherzog Guillaume mat senger Fra op London geplënnert fir eng aussergewéinlech Formatioun ze maachen. Mir waren de Prënz dohinner besichen.

Een Dag laang konnte mer de Prënz Guillaume zu London um Royal College of Defense Studies besichen. Hien huet eis d'Schoul gewisen, d'Kollege virgestallt. Awer och driwwer geschwat, wat et bedeit als Ierfgroussherzog opzewuessen.  

Prënz Guillaume 1

Am Lycée als jonke Schüler wollt ech net onbedéngt Prënz vu Lëtzebuerg sinn. Ech wollt wéi déi aner sinn. Mee ee Moment a sengem Liewen muss een decidéieren fir déi Verantwortung ze acceptéieren.


Nom Lycees Ofschloss war de Prënz Guillaume op der renomméierter Militär-Akademie zu Sandhurst. Duerno huet hien international Politik studéiert. Am RCDS geet et elo ëm eng méi strategesch Formatioun. De Royal College of Defense Studies ass eng ganz exklusiv Schoul, déi dorop ausgeriicht ass, Militär, Politesch a Wirtschafts Leadere vu muer ze forméieren, ugeholl gëtt just. wee vu sengem Land geschéckt gëtt. Den Ierfgroussherzog Guillaume ass iwwregens den éischte Lëtzebuerger um College. A senger Promotioun sinn 113 Memberen aus 57 verschiddene Länner.

Prënz Guillaume 2

Den RCDS ass wierklech och eng Plaz wou een e Reseau kann opbauen. Dat si Leit déi aus der ganzer Welt heihinner kommen. Si wäerten och duerno op verschidde Plazen zréck geruff ginn. Plazen wou se vill Influenz wäerten hunn. Dat si Leit mat deenen ech och an Zukunft wäert kënne Kontakt ophuele fir spezifesch Froe kënnen ze beschwätzen. 


A Brécke bauen tëscht Lëtzebuerg an dëse sëlleche Länner. Eng Aufgab, déi souwuel de Grand-Duc Henri, wéi och de Grand-Duc Jean an d'Grand-Duchesse Charlotte an der Vergaangenheet iwwerholl hunn. Wann et bis esou wäit ass, wëll den Ierfgroussherzog Guillaume d'Kontinuitéit assuréieren. D'Fro stellt sech awer och wéi seng Roll als Groussherzog eng Kéier wäert ausgesinn.

Prënz Guillaume 3

Et ass schwéier ze soen, wéi d'Roll eng Kéier ausgesäit, well mir liewen an enger Welt, déi sech ganz schnell verännert. Déi nächst Generatiounen denken anescht wéi mir, wéi déi vun haut. An do muss ee sech och adaptéieren. Ech weess wat op mech duerkennt. mee et ass awer en Responsabilitéit, et ass och eng Freed natierlech an eng ganz grouss Éier, awer och eng Verantwortung. 


Ëmsou méi hunn de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie et genoss, dëst Joer zu London d'Liewe vun enger ganz gewéinlecher Koppel ze féieren.  

Prënz Guillaume 4

Jo, et ass en anert Liewen. Och e Liewen zu zwee. Just meng Fra an ech zu London. Et ass eppes wat normalerweis jonk Koppelen no hirem Bestietnis experimentéieren. Bon, mir hunn en anert Liewen. Mee dowéinst war et och flott fir eis fir kënnen ganz normal zu London an de Restaurant ze goen, an d'Sportshal ze goen, hei an de Park trëppelen ze goen. Dat war eng flott Experienz. 

Ugangs Juli, wann d'Ofschlossexame fäerdeg sinn, kënnt d'Ierfgroussherzoglech Koppel nees heem op Lëtzebuerg.