Den Numm Chris Van Allsburg muss engem net geleefeg sinn. Et ass awer duerchaus méiglech datt een dem Chris seng Wierker kennt.

18/06/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Chris Van Allsburg

De Mann, deen haut 70 Joer al gëtt, huet ënner anerem Jumanji an The Polar Express geschriwwen.

Déi zwou Geschichte vum Van Allsburg si wahrscheinlech déi zwou Bekanntsten. Dobäi huet den amerikanesche Schrëftsteller nach vill aner Geschichten Opweises an nieft sengem Talent fir ze schreiwen ass hien och fir seng Zeechnunge bekannt. De Chris Van Allsburg kënnt den 18. Juni 1949 zu Grand Rapids am US-Bundesstaat Michigan an et war net vun Ufank u kloer wéi ee Wee de kreative Kapp géing aschloen, well nodeems hie mat senger Ausbildung op der Konschtschoul vun der Uni zu Michigan fäerdeg war, ass hien eigentlech Sculpteur a gesäit d'Molen als Niewesaach. Seng Fra an den Auteur, Zeechner a Frënd David Macaulay, hunn de Chris encouragéiert seng Zeechnungen a Biller fir Kannerbicher anzesetzen an och eege Geschichten z'erfannen.

A senge Bicher beschreift den Amerikaner fantastesch an onkontrolléierbar Evenementer, dacks mat enger hefteger Portioun Ironie a verléisst alt mol déi bequem Welt vun der Kannerliteratur fir déi donkel Säit vum Mënsch z'entdecken. An all senge Bicher kënnt de Fritz vir; de Fritz ass en Hond deen et wierklech gouf, de Schwoer vum Chris hat deen Hond, e Bullterrier, heiansdo als richtegen Hond, heiansdo als Spillgezei oder als anere Géigestand.

Dem Chris van Allsburg seng Konscht gesäit een iwwregens och am C.S. Lewis seng Chroniken von Narnia. De Schrëftsteller an Zeechner kritt haut 70 Joer.