Wie vun Iech spréngt dann mueres aus dem Bett, soubal de Wecker schellt, a fillt sech och nach fit a prett fir den Dag? Alleguer déi, déi elo de Kapp gerëselt hunn a nach ni verstanen hu, wéi een dat ka fäerdeg bréngen, lauschtert dem Julie Dupont elo mol no.

17/06/2019 Ganz einfach vum Spéit Opstoer zum Fréi Opstoer

Ech soen Iech et ganz éierlech: ech gehéieren och net zu deene Persounen déi mueres direkt top fit sinn, a prett si fir den Dag. Bei mär gesäit et éischter esou aus, dass ech op de Wecker kucken, an am léifste géif jäizen, well all meng schéin Stonnen am Bett schonn erëm eriwwer sinn.

Eigentlech wéilt ech awer ganz gären zu deene Leit gehéieren, déi mueres direkt schonn a Form sinn an den Dag attackéieren. A genee dat Thema hunn 2 englesch an eng australesch Uni elo zesumme mat 22 Testpersounen ënnersicht.
D'Resultat war anscheinend ganz kloer: wann ee konsequent säi Liewensrhythmus ëmgestallt huet, an dat mindestens 2 Woche laang duerchgezunn huet, war de Wiessel vum Morgenmuffel zum gutt gelaunte Mueresmënsch erreecht. Wéi dat geet?

Als éischt emol musst der kucken wéi spéit dass der schlofe gitt. Wann een zum Beispill réischt um 2-3 Auer an der Nuecht schlofe geet, dann ass et och verständlech, dass een den aneren Dag nëmme schwéier aus dem Bett kennt. Dofir war déi éischt gëlle Regel: mat Zäite schlofe goen a mat Zäiten opstoen. Ausserdeem: Déi selwecht Auerzäite konsequent bäibehalen, an dat net nëmmen an der Woch mee och Weekends.

Als Zweet kruten d'Testpersounen un d'Häerz geluecht all Dag nom Opstoen sou schnell wéi méiglech Kaffi ze drénken an och e bëssen Zäit dobaussen ze verbréngen, fir engersäits frësch Loft ze kréien an genuch Sonnestralen ze tanken. Och fir d'Mëttes- an d'Owesiessen huet gegëllt: net ze spéit an am Beschten ëmmer ëm déi selwecht Auerzäit.

An 3 Woche méi spéit koumen d'Resultater. D'Leit déi un der Studie deelgeholl hunn, hu sech méi glécklech, méi fit, a manner gestresst gefillt wéi virdrun. Mol kucken op beim Selbsttest.