Sou zimlech alles a jiddereen huet säin Dag, sou och de Martini. Haut ass also den idealen Zäitpunkt fir iwwer de Cocktail ze schwätzen.

19/06/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Martini

Net datt mir elo komplett duerchernee ginn, mä mat Martini ass haut net dat Gedrénks vun der italienescher Firma Martini & Rossi gemengt, mä de Cocktail Martini dee meeschtens aus Gin an dem franséische Wermut besteet. D'Firma Martini & Rossi mécht hiren eegene Wermut. Et kann een den Gin och duerch Wodka ersetzen, dann huet een e Wodkatini, dat gëtt et awer net grad sou heefeg. Déi bekanntste Versioun vum Martini ass den Dry Martini am typesche Martini-Glas an enger Oliv. Eise Martini, e Shortdrink, gëtt et zënter den 90er och an divers anere Variatiounen, dann hu se awer meeschtens näischt méi mam Aperitif aus Gin a Wermut ze dinn, wéi zum Beispill den Appletini. Wou de Cocktail genee hierkënnt ass erëm eng Saach vu Legenden a Geschichten, 1997 ass d'Buch Shaken Not Stirred vum Anistatia Miller an Jared Brown erauskomm an deem eng Top 10 festgehale ginn ass vun deenen de Martini erfonnt kéint sinn. Et geet een dovunner aus datt de Cocktail an den USA entstanen ass, fir d'éischt wier et awer den Turf Club, de Marguerite, de Manhattan an de Martinez ginn, eréischt duerno gëtt de Martini schrëftlech festgehalen, dat war am Joer 1888 vun engem gewëssenen Harry Johnson. Aner Source soen datt de berühmte Barkeeper vun New York, de "Professor" Jerry Thomas de Martini erfonnt hätt, allerdéngs ass de Cocktail eréischt no sengem Doud an de Bartender's Guide and Bon Vivant's Companion opgeholl ginn. Geet et der International Bartenders Association no gëtt et den Dry Martini esou, an nëmmen esou zoubereet; 6 cl Gin, 1 cl Wermut mat Äis an engem grouss Glas verréieren an dann an dat typescht Martini-Glas schëdden, en Hauch Jus vun enger Zitroun an, oder, mat enger Oliv garnéieren. A wann dir James Bond heescht, kënnt dir ären Dry Martini och geshaked kréien.