Wat ass dat gutt um Wanter? Et si keng Moustiquen do. Dat fält natierlech besonnesch deene Mënschen just op, déi dacks gepickt ginn. Wéi ass et dann dëst Joer mat deene klengen Nerveseeën? Sinn et der méi wéi soss? A wat soll ee maachen fir se nees lass ze ginn oder fir dass se am beschten guer net attackéieren? D'Marie Gales mat e puer Mous-Tricken

20/06/2019 Wech mat de Moustiquen!

Zielt Dir och zu deene Mënschen, déi dacks vun deenen Insekten gepickt ginn? Et wäert Iech sécher net tréischten, wann Dir elo wësst, dass Dir zu enger Raritéit zielt, well just 20 Prozent sinn ideal Moustiquenaffer. Et wier de Kuelendioxid, deen een ausotemt an d'Mëllech- an Harnsaier an Ammoniak, déi een erausschweesst, déi d'Moustique gären hunn. Och si si vun Hëtzt, déi vum Kierper ausgeet ugezunn an wat ee méi schweesst, wat een d'Moustique da preferéiert.
Nodeems däitsch an éisträichesch Medien schonns gemellt hunn, dass et dëst Joer vill dëser Moustique wäerte ginn, hu mir beim Elizabeth Kirsch vun Natur an Ëmwelt nogefrot wéi et da fir Lëtzebuerg ausgesäit.

Et muss een elo awer mol ofwaarden, wann et an den nächste Woche méi dréche sollt ginn, da wieren dës Moustiquen och nees séier fort. Ma et heescht elo mol aktiv ze ginn, wann een net wëll gepickt ginn. Et ginn där Methoden, déi guer näischt notzen, wéi zum Beispill d'Ultraschall-Apparater fir Insekten ze verjoen, Zigaretten- oder Feierdamp. Knuewelek hëlleft just bei Vampiren a leider net bei Moustiquen. Och d'Hellegkeet an d'Däischtert ass der Moustique am Fong wurscht. Eng kleng Hëllef awer och net eng Sécher kéinten hell Gezei sinn a Citronella-Käerzen oder -Ueleg.
Et ginn awer aner chemesch Wierkstoffer, déi eis dës pickeg Déiere vum Leif halen, déi een dann och an der Apdikt ze kafe kritt. Och e richtegt montéiert Moskitonetz an de Fënstere ka Wonner wierken a bidden e gudde Schutz. D'Elizabeth Kirsch vun Natur an Ëmwelt huet och e puer Tipps.

Tipps fir Moustiquen ze evitéieren: (vum Gesondheetsministère)
1. Sprangburen a Bewässerungsanlagen: Waasser wiesselen an d'Behälter mindestens eemol pro Woch botzen ;
2. Ofleef a Kullangen: Reegelméisseg d'Blieder an aner Oflagerunge botzen, fir de Waasseroflaf ze erliichteren ;
3. Pill & Verdéiwungen: Besäitege vun den Ongläichheete fir d'Formatioun vu persistente Pill ze vermeiden ;
4. Kullangen: Reegelméisseg d'Blieder an aner Oflagerunge botzen, fir de Waasseroflaf ze erliichteren ;
5. Weieren: Sammelt reegelméisseg ofgestuerwe Blieder aus souwéi an der Géigend vum Weier; erméiglecht d'Entwécklung vu Vegetatioun an Déieren (Libellen, Amphibien, Fësch, asw.) ;
6. Baatschen: Stellt sécher dass d'Baatschen, déi d'Holzpéil, Basengen, asw. ofdecken, gutt gespaant sinn fir d'Entstehung vun persistente Pill ze vermeiden ;
7. Spillsaachen a Behälter: Stellt sécher dass d'Spillsaachen, Dëppen an aner Géigestänn, déi d'Reewaasser usammele kennen, virum Reen geschützt sinn ;
8. Schubkaren, Poubellen a benotzte Pneuen: Stellt sécher dass dës Utensilien virum Reen geschützt gelagert ginn ;
9. Reewaassersammler fir d'Bewässerung: Den Deckel fir d’Ofdichte vun ofgestuerwe Blieder a Mécken esou oft wéi méiglech ofdrëpse loossen an ofbotzen, oder d'Wänn un der Waasseruewerfläch mat engem Schwamm ofbotzen (fir d'Méckeneeër ze besäitegen).

Weider Detailer op