D'Sonn schéngt, d'Temperature klammen, lues awer sécher geet et lass mam Summer, och bei eis. Mat an der Wallis: déi etlech Mythen, déi all Joer op en Neits erzielt ginn. Ma wéi eng sinn dann elo wierklech wouer, Michèle?

20/06/2019 Food Summer-Mythen am Check

Mythos Nummer 1: Wann s de Kiischten ëss, solls de dono kee Waasser drénken, soss kriss de de Bauch wéi!

Eigentlech net, wien net ze vill där klenger rouder Friichten ësst, dee sollt am Normalfall keng Problemer mat Bauchwéi, Krämp oder Verdauungsproblemer kréien. Wahrscheinlech kënnt déi Warnung nach aus där Zäit wou d'Drénkwaasser méi eng schlecht Qualitéit hat. Et fënnt ee wuel op de Kiischten dacks Hefepilzen, ma am Mo hunn déi Keimen allerdéngs kaum eng Chance fir z'iwwerliewen, well se vun der Mosaier eliminéiert ginn. Ma oppassen: Wann ee méi wéi en hallwer Kilo Kiischten ësst, kann de Mo iwwerfuerdert sinn well d'Hefepilzen den Zocker deen dran ass an Alkohol ëmwandelen an dobäi entsteet da Kuelendioxid deen duerchaus dozou bäidroe kann, dass een sech opgelaf fillt, a wien dann drénkt, verdënnt d'Mosaier a verstäerkt nach emol den Effekt.

Mythos Nummer 2: Wann s de Glace ëss, da looss d'Fanger ewech vu Waasser oder Softgedrénks! 

Och dee Mythos kënnt mat grousser Wahrscheinlechkeet aus där Zäit wou d'Drénkwaasserqualitéit nach däitlech méi schlecht war. Dobäi kënnt nach dass déi frësch Glace fréier net esou gutt gelagert konnt gi wéi haut, do war et also duerchaus méiglech dass d'Bakterie schonn an der Glace dra waren. An duerch d'Gedrénks sinn déi méi séier an den Daarm gerutscht, wat da forcement zu Duerchfall gefouert huet. Well awer d'Gelateria'en haut streng Hygiène-Reegele musse suivéieren gehéiert dee Mythos dann definitiv an d'Vergaangenheet.

Mythos Nummer 3: Waarm drénken hëlleft besser géint d'Hëtzt wéi kaalt Gedrénks!

Endlech mol e Mythos, dee stëmmt! Well fir déi kal Flëssegkeet z'erwiermen muss de Kierper schaffen an de Stoffwiessel aktivéieren. Dat féiert dozou dass een nach méi schweesst. Dat selwecht passéiert och bei Flëssegkeeten déi ze waarm sinn. Am beschten ass Gedrénks wat ongeféier d'Kierpertemperatur huet. Iwwregens: Eng kleng Prise Salz am Waasser, am ongeséissten Téi hëlleft dem Kierper de Mineralstoffhaushalt erëm an d'Balance ze bréngen.

Mythos Nummer 4: Nom Iessen net schwamme goen!

Ni mam vollen oder ganz eidele Mo an d'Waasser, esou steet et an de Reegele vun deene meeschte Gesellschaften déi Liewe retten. Dat allerdéngs net aus medezinesche oder wëssenschaftleche Grënn, well do gëtt et keng Verbindung zum Schwammen, Iessen an de berüchtegte Mokrämp. Awer - an dowéinst gëtt et och déi Reegel - schlécken d'Kanner beim Spillen an der Schwämm oder am Séi dacks Waasser an a Kombinatioun mat engem volle Mo kann dat zu Iwwelzegkeet féieren.