Wann Dir eng Klimaanlag an der Schlofkummer hutt, kënnt Dir iwwert déi nächst Minutten just schmunzelen an Iech erënnere wéi et nach war, wéi Dir keng hat. Wann et sou waarm dobaussen ass, ass et dacks och an der Schlofkummer sou waarm, dass een owes net aschlofe kann. Mat der Decken ass et ze waarm an ouni geet et bei de meeschte Leit awer och net. Dat muss awer net sou sinn, d’Marie Gales huet e puer Tipps fir besser duerch déi waarm Nuechten ze kommen.

25/06/2019 Schlofen an der Hëtzt

Wéi wier et mat Duschen? Awer net äiskal, soss gëtt genee de Contraire erreecht an et gëtt engem nach méi waarm. Wann ee sech ofkille wëll, soll ee wootlecht Waasser benotzen a sech net komplett ofdréchnen. Doduerch dass een nach naass ass, verdonst d’Waasser op der Haut, an d’Wäermt gëtt aus dem Kierper gezunn.

Eppes anescht wat ee kéint maachen, wat éischter ongewéinlech ass, ass de Pyjama an de Frigo ze leeën. Dat gëtt direkt eng kleng Ofkillung wann ee sech dann an d'Bett leet.

Fir d’Zëmmer selwer kill ze halen, gëtt geroden d’Fënsteren an d’Rolllueden am Dag komplett zou ze loossen. Eréischt spéit Owes sollt een alles opmaachen fir ze lëften, do sinn d‘Temperaturen da meeschtens e bëssi méi niddereg an d'Sonn ass och amgaangen ënner ze goen.
Wann et engem dann nach ëmmer ze waarm ass, kann een och nach e naasst Lëllduch an déi oppe Fënster hänken. Duerch d’ Verdonstung gëtt sou d’Hëtzt an de Kummeren e bëssi reduzéiert.

Sou wéi een am Wanter heiansdo eng Bull mat an d’ Bett hëlt fir sech opzewiermen, kann een dat selwecht och am Summer maachen fir sech ofzekillen. Et brauch een d’Bull dee Moment just mat kalem Waasser ze fëllen a se fir e puer Stonnen ir ee schlofen geet an de Frigo ze leeën an duerno dann an d'Bett. Schonns ass et net méi grad esou waarm.

Ee Punkt, deen der vill vergiessen, ass datt et engem ëmmer méi waarm ass wann een zesumme mat enger anerer Persoun am Bett schléift. Hei hëtzen sech d’Kierper da géigesäiteg op, wann een unenee läit. Besser wier deen Ament getrennt ze schlofen, vläicht deen een op der Couche an deen anerem am Bett, virun allem wann et e kléngt Bett ass.

Eng lescht Saach ass dann nach d'Ernärung. Mëttes hunn der vill keen Honger wéinst der Hëtzt an iessen dann owes méi. Keng gutt Iddi, evitéiert owes vill a virum allem schwéier ze iessen, soss schlooft Dir dowéinst och nees schlecht.

A wann dëst alles näischt déngt, dann e Ventilator opstellen. De Risk ass awer dann, dass ee moies mat engem Torticolis erwächt!