E Freiden ass et definitiv fir Jidderee gelaf! Do geet dann och fir d'Primärschoul offiziell d'Summervakanz un. An dat heescht, dass d'Stroossen och gutt gefëllt wäerte sinn. Op wat ee bei sengem Auto soll oppassen ier een fortfiert, huet d'Julie Dupont vum Frank Maas aus dem ACL Diagnostic Center gesot kritt.

08/07/2019 Den Auto prett maache fir an d'Vakanz

 Wann ee mam Auto an d'Vakanz fiert, da muss dën Auto och tipptopp an der Rei sinn. Wat déi verschidde Punkte sinn op déi ee sollt oppassen, konnt de Frank Maas aus dem ACL Diagnostic Center mer soen. Wann ech kuerz virun der Revisioun sinn: maachen ech déi besser virun oder no der Vakanz?

Wéini soll ech d'Revisioun maachen?

An och aner Wäerter musse kontrolléiert ginn ier ee fiert. Ugefaange bei de Pneuen

D'Pneuen- an aner Wäerter kontrolléieren

Punkto Sécherheetsmaterial am Auto soll een natierlech de Warndräieck a genuch Sécherheetswesten fir all d'Persounen hunn. Am Beschte kuckt een awer och wat de Code de la Route an deenen anere Länner seet. An Däitschland zum Beispill ass eng 1. Hëllefskëscht obligatoresch.
Virum fortfueren ass nach eng läscht wichteg Etapp: d'paaken. An och do ginn et puer Tuyauen

Den Auto richteg paken

Ganz beléift sinn och Assistenzhëllefen, déi Baustellen, Stau oder och Radare mellen. Do gëllt et awer och oppassen:

Opgepasst mat Navi an aneren Hëllefen déi Radare weisen