Kënnt Dir Iech un dat uraalt Spréchwuert erënneren? Mueres iesse wéi e Keeser, mëttes wéi e Kinnek an owes wéi en Heeschemann. Dat gouf fréiers als beschte Wee ugesinn fir gesond a schlank ze bleiwen. Hautdesdaags wëll all Mënsch no sengem individuelle Regimm verfueren an déi einfach Rotschléi net sou richteg wouer hunn. An awer kéint ee sech dëst al Iess-Reegel dach mol nees zu Häerz huelen

29/04/2019 Moies näischt iessen ass ongesond!

Am Dschungel vun den Ernierungswëssenschaften kann ee séier den Iwwerbléck verléieren. Heiansdo weess een net méi wéini een dann elo soll iessen oder wat. Bei moies Kaffi drénken, scheeden sech och d'Geeschter.
Déi eng brauche Kalorien fir sou fréi a Gang ze kommen an anerer hu moies partout keen Honger. Ma eng nei Etüd ënnermauert déi al Erkenntnis dass ee moies soll iessen an dass de moies Kaffi drénken déi “wichtegst Moolzecht vum Dag“ wier.

D'Fuerscher vun der amerikanescher Universitéit Iowa hunn elo erausfonnt, dass Mënschen, déi de sougenannte Frühstück ausfale loossen, ënner Ëmstänn ferm krank kéinte ginn.
D'Date vu 6.550 Participanten goufen iwwert déi lescht 18 Joer ausgewäert; alleguer waren iwwer 40 Joer an haten keng eescht Krankheetsvirgeschicht. D'Testpersoune goufen zu hiren Iessgewunnechte gefrot, natierlech och wat si da moies iesse géifen. D'Resultat: Méi wéi d'Hallschent (59 Prozent) huet all moies Kaffi gedronk. Ronn 11 Prozent hunn heiansdo eppes an aller Herrgottsfréi giess, 25 Prozent sou gutt wéi ni a 5 Prozent ni.

D'Fuerscher hunn dunn erausfonnt, dass déi Testpersounen, déi moies bal ëmmer oder ëmmer ouni eppes am Mo aus dem Haus goungen, e méi héije Risk hätten, fir Problemer mam Häerz ze kréien. An dee Risk wier nawell massiv, dee léich 87 Prozent méi héich wéi bei deenen, déi all moies an hir Schmier gebass oder hire Müsli giess hunn. Weider koum bei dëser Etüd eraus, dass déi mam réie Mo sou fréi am Dag éischter méi ongesond dertëscht giess hunn, gefëmmt hunn, manner sportlech aktiv waren an och méi Alkohol gedronk hunn.