An eiser Ernährung spille vill Elementer eng Roll. Vitaminnen, Proteine, Ballaststoffer. Manner bekannt sinn déi sougenannte "sekundär Planzestoffer", déi mer mat de Planzen ophuelen. Karotinoïden, Phytosterolen, Polyphenolen, Isoflavonen a vill anerer hunn eng positiv Wierkung am Kierper. Raphaëlle Dickes

Sekundär Planzestoffer

Dat schéint dobäi: et kritt ee se gratis mat dobäi, wann een Uebst oder Geméis ësst. Seet d'Danielle Bernard vun der Nationaler Associatioun vun den Dietéticienen.

"Et sinn zum Beispill Antioxydanten, dat heescht si hemmen den Alterungsprozess. Si hunn eng anti-mikrobiell Wierkung, dat kennt een aus dem Knuewelek an dem Ingwer. Si wierken och géint Kriibs, kënne souguer de Cholesterol erofsetzen am Blutt a kënnen den Immunsystem stäerken."

A vu dass nach net alles erfuerscht ass, geet d'Danielle Beranrd dovunner aus, dass am Laf vun der Zäit nach eng Rei positiv Wierkunge wäerte bekannt ginn.

"Mëttlerweil fënnt een och Nähurngsergänzungsmëttel wou een deen een oder deen anere fënnt. Mee dat ass jo ni dat selwecht, wéi wann een e ganzen Apel oder eng ganz Drauf ësst. Verschidde Vitaminne gi sécher och besser opgeholl, wann ech de ganze Package iessen, well dat Interaktioune sinn, wéi wann ech ëmmer nëmmen eenzel alles eraus picken."

Déi sekundär Planzenstoffer fënnt een am Geméis, am Uebst, an de Vollkarprodukten, Hülsenfrüchten, wéi dem Soja, awer och an den Ënnen oder am Knuewelek. Flavonoïde zum Beispill,
e Polyphenol, huele mer iwwer däischter rout oder mooft Uebst a Geméis op, grad esou wéi mam schwaarzen a gréngem Téi. Dëse Faarfstoff vun de Planze soll sech souguer gutt op eis kognitiv Fäegkeeten auswierken.

Fir e Maximum u planzleche Stoffer opzehuelen, huet d'Danielle Bernard ee wichtege Rot.

"Dass een d'Geméis soll frësch iessen a frësch zoubereeden. Eppes wat Jore laang an enger Bécks louch, huet och vläicht net méi déi selwecht Wierkung wéi wann een eng frësch Drauf ësst."

All d'Episoden aus eiser Serie iwwer déi wichteg Nährstoffer, kënnt dir op radio.rtl.lu nolauschteren.