Vill Leit si lo schonn ënnerwee an d'Vakanz. Et gëtt och ëmmer méi beléift mam Fliger bis op seng Destinatioun ze fléien an dann op der Plaz selwer een Auto ze lounen. Mee sou een Auto lounen huet och seng Risiken. Op wat ee soll oppassen, huet d'Julie Dupont ënnert anerem mam Frank Maas vum ACL Diagnostic Center gekuckt.

10/07/2019 Auto-Locatioun an der Vakanz

Ëmmer méi Leit wëlle gären aner Kulturen a Leit erliewen. Vue, dass déi meescht Länner awer ee Krack méi grouss si wéi Lëtzebuerg, ginn déi eege Been net ëmmer duer. Dofir loune vill Leit een Auto fir d'Zäit vun der Vakanz. Esou ass een net nëmme mobil mee et kann een och op eege Fauscht lasszéien.

Wann een sech esou een Auto lount, gëllt et awer opzepassen. Als éischt emol stellt sech d'Fro wéini buchen? Am Beschten ass et do nach direkt hei ze buchen. Doduerch kann ee sech eng ganz Partie Stress spueren. Zemools elo an der Haaptsaison kann et mol virkommen, dass keng Autoe méi fräi sinn wann een an der Vakanz ukomm ass. Ausserdeem kann een esou och evitéieren nach ee Kontrakt an enger friemer Sprooch mussen duerchzegoen.

Och wichteg: sinn ech limitéiert an de Kilometeren? Wann der nëmmen eng begrenzten Distanz fueren dierft, kann et schnell richteg deier ginn wann der do driwwer gitt.  Besser illimitéiert Kilometeren auswielen, da sidd der sécher roueg.

Bei der Assurance vum geléinten Auto muss een och erëm oppassen. Wat ass couvréiert? Muss ech Schied duerch Vandalismus oder Steeschlag an der Fënster selwer bezuelen? Stellt Iech och d'Fro wien de Schued bei engem Accident muss bezuelen. Idealerweis wielt een eng Offer ouni oder mat enger niddreger Franchise.

Een anere Punkt deen net onwichteg ass: wéi vill Leit dierfen um Auto fueren? Meeschtens ass just ee Chauffer, also d'Persoun op déi de Kontrakt leeft berechtegt sech hannert d'Steierrad ze setzen. Also wann der Iech wëllt ofwiesselen, frot een zousätzleche Chauffer un.

An dann natierlech nach genee den Zoustand vum Auto kontrolléieren ier ee fortfiert. Wat fir Schied si schonn um Auto drun, stëmmen déi mat den Angaben vun der Entreprise iwwerteneen? Wann ee Schued net uginn ass, dann direkt eppes soen. Soss kann et sinn, dass där d'Schold kritt. Dat selwecht och erëm beim ofginn. Wat do ëmmer gutt ass: Fotoe maache vum Auto.

Wann der Iech awer elo net mat all deene Detailer wëllt oder kënnt ausernee setzen, huet den ACL een interessante Service, de Clubmobil.

De Clubmobil vum ACL