Vum 15. bis den 18. August 1969 hu sech iergendwou an der amerikanescher Pampa, nërdlech vun New York, eng 400.000 Leit fir e Festival versammelt. Déi 3 Deeg ginn ënnert dem Numm Woodstock weltberühmt. Dobäi war am Ufank nëmme vun engem eenzege Concert rieds.

16/07/2019 50 Joer Woodstock: d'Geschicht virum Festival

Et waren déi Hären Artie Kornfeld a Michael Lang, allebéid Promoter a Produzenten, déi wëlles haten e Concert zu Woodstock z'organiséieren. Zu Woodstock well sech do an de spéide 50er Joer eng Rëtsch bekannte Kënschtler néiergelooss haten, ënnert hinnen de Bob Dylan an d'Janis Joplin. Genee do haten déi 2 Amerikaner nämlech geplangt e Studio opzemaachen dee mat deem Concert déi néideg Opmierksamkeet hätt solle kréien. Deemools huet een awer och e bësse Sue gebraucht fir sou eng Iddi ze verwierklechen, eis 2 Artisten hate gemengt datt se bei den 2 Investisseuren Joel Rosenman an John P. Roberts un der richteger Adress wären. Allerdéngs haten déi 2 mat de Suen deen Ament aner Pläng a waren net interesséiert fir e weidere Studio ze finanzéieren. Mat Sue konnten oder wollten déi 2 Investisseuren also net direkt hëllefen, duerfir awer mat enger Iddi; si hunn dem Artie a Michael proposéiert aus dem Concert e Festival vun 2 Deeg  mat Musek a Konscht ze maachen. An domat war u sech Woodstock Music & Art Fair presents An Aquarius Exhibition - 3 Days of Peace & Music gebuer. Den 28. Februar 1969 gëtt zu New York d'Firma Woodstock Ventures Inc. gegrënnt déi vun deem Dag un de Festival op d'Bee stellt. Éischt Problemer an der Organisatioun hunn net all ze laang op sech waarde gelooss, d'Stad Saugerties, eng 15 Kilometer vu Woodstock ewech, huet sech mat Hänn a mat Féiss géint de Festival gewiert, do sollt d'Fest nämlech sinn. Den 2. Juli 1969 huet dann och déi 2. Stad nee zu Woodstock gesot; zu Wallkill hat eng Biergerinitiativ de Festival verhënnert. Eréischt e Mount virum Festival, de 15. Juli 1969, hat Woodstock Ventures Inc. an de Catskill Mountains an der Géigend vu Bethel déi definitiv Plaz fir de Woodstock Festival fonnt.

Iwwer dat 240 Hektar grousst Areal, schwätze mir dann d'nächst Woch am Kader vun der Serie 50 Joer Woodstock. Fir de 50. Anniversaire vum legendäre Festival kommen dëse Summer direkt e puer Kollektiounen eraus. Fir den agefleeschte Fan ass d'Box Woodstock 50 - Back To The Garden: The Definitive Anniversary Archive mat Sécherheet de richtege Choix. D'Këscht ass op 1969 Exemplaire limitéiert a bitt nieft 38 Disken och nach de Film Woodstock op Blu-ray, 2 Posteren an ënner anerem e Buch. Fir e bëssen an Hippie-Stëmmung ze kommen, spille mir iech bei all Reportage iwwer Woodstock och e Lidd vun deemools; den Ufank maache Creedence Clearwater Revival mat Bad Moon Rising.