Rout Platzen, Bäissen a Péng... mat Jelliskäpp verbannen d'Leit déi gären op d'Plage ginn dacks just negativ Erliefnesser. Wëssenschaftler gesinn awer elo eng Chance fir Quallen als Dünger, Fudder, Kosmetik, Nahrungsmëttel an och als Filter fir Mikroplastik anzesetzen, Michèle Schons? 

11/07/2019 Jelliskäpp als Filter fir Mikroplastik

Mat de Jelliskäpp ass et wéi mat de Moustiquen: Vill Leit fannen se extrem lästeg an si dinn och nach wéi. Dobäi kéinnten déi Nesseldéieren, déi zanter ronn 500 Millioune Joren an de Weltmierer liewen eng nei Bedeitung als Ressource kréien. D'Mieresbiologin a Fuerscherin Jamileh Javidpour ass der Meenung dass Qualleschläim als Biofilter a Kläranlagen agesat kéint ginn, fir do de Mikroplastik erauszefilteren. Dat wär am Labo schonn nogewise ginn an an dräi Joer soll et e Prototyp vun dem Mikroplastikfilter ginn. But ass et Plastikkontaminatioun an der Kläranlag an Zukunft komplett z'evitéieren. Leader vum Projet si Wëssenschaftler vun der Uni Haifa an Israel. 85 bis 90 Prozent vum Mikroplastik kann haut schonn am Ofwaasser erausgefiltert ginn, haaptsächlech awer méi grouss Stécker. Ganz kleng Faseren a Partikel schénge méi Problematesch ze sinn. Aner Fuerscher fannen d'Iddi och interessant, sichen allerdéngs no enger Alternativ wat Jelliskäpp ubelaangt
D'EU ënnerstëtzt de Projet Go Jelly, deen nach bis 2021 leeft mat 6 Milliounen Euro. Bedeelegt si 16 Fuerschungsariichtungen aus 8 Länner, dorënner och Israel a China.
Och fir d'Kosmetik kéinte Jelliskäpp eng Ressource sinn, do ass nämlech Collagen dran, deen och an den Anti-Aging Crème benotzt gëtt, awer och fir Medezinnproduiten.
Déi gespäichert Nährstoffer an de Qualle kann een awer och als Biodünger an der Landwirtschaft asetzen, déi géinge genee esou gutt wéi chemesch Düngemëttel wierken.
Et soll een sech awer elo net virstellen dass do Tonne Quallen aus dem Camion op d'Feld getippt ginn, But ass villméi en nohaltegen Ëmgang mat de Jelliskäpp déi och am Mier e feste Bestanddeel vun der Nahrung fir 100 Fëschaarten ass.
Als Nahrung fir de Mënsch ginn se scho méi laang agesat, haaptsächlech an Asien wou een zum Beispill Quallenzalot kann iessen.
Fir den Europäer de Jelliskapp méi no ze bréngen an och schmackhaft ze maachen, ass am Kader vu Go Jelly e Kachbuch mat Rezepter vun engem italienesche Kach geplangt.