De Mound ass den eenzegen natierleche Satellit vun eiser Äerd. Mat engem Duerchmiesser vun 3.476 Kilometer ass et de fënneftgréisste bekannte Mound am Sonnesystem. Et ass och deen eenzege friemen Himmelskierper, op deem d'Mënsche waren, well en relativ no zu eisem Planéit ass, eng 384.400 Kilometer vun eis ewech. Virun an och no der Moundlandung faszinéiert de Mound, Marie Gales

14/08/2019 Moundlandung: Faszinatioun Mound

Vill vun de Mënschen gleewen dass vum Mound eng speziell Kraaft ausgeet an hiert Liewe dovunner beaflosst géif ginn. Déi eng menge si géife schlecht schlofe wa Vollmound ass, anerer loossen sech da grad hir Hoer schneiden, well se da besser géifen nowuessen.
Schonns ganz fréi waren d'Mënsche souzesoe ''moundgleeweg''. An Hiele goufen un de Maueren Zeechnunge mam Mound fonnt an och an der Bibel gëtt souguer vu „Moundsüchtege“ geschwat, déi reegelrecht Attacke krute wann de Mound anscheinend net gutt stoung.
Déi al Réimer a Griichen hunn de Mound als hir Gëttin veréiert an d'Maya hu gegleeft, dass hir Moundgëttin am Sträit mam Sonnegott verjot gi wier a wier dofir just Nuets ze gesi wier.
Am Englesche gëtt et och d'Wuert „lunatic“ a bezeechent op eng net ganz gentil Manéier Mënsche mat geeschtege Krankheeten.

Et ass awer richteg, de Mound huet an der Natur dach schonns en Afloss, denke mir do un d'Mier, dat duerch seng Gravitatioun zréckgeet an erëm kënnt. A munch Liewewiese riichten hir Navigatioun an och hiert Fortpflanzungsverhalen nom Moundliicht an deem sengem Zyklus.

Mä fir déi meescht Wëssenschaftler ass de Fall kloer: Op de Mënsch hätt de Mound keng besonnesch Wierkung. Weder seng Luucht oder soss eng Kraaft wierke sech op Gebuerten, Accidenter, Suicide oder soss aus.
Mä wéi erkläert een dann dës Faszinatioun? Firwat gleewe Mënschen un de Mythos Mound? D'Äntwert wier net a Physik- oder Biologiebicher ze sichen, mä bei de Mënsche selwer. De Soziolog Edgar Wunder von der Ruhr-Universität Bochum hat dat an der SWR-Sendung Odysso  erkläert:

Wéi heescht et sou schéin: Glawe versetzt jo heiansdo Bierger, iwwregens déi ginn et och Mound