D'Äerd ze verloossen war en Dram, deen et sou laang gëtt wéi de Mënsch existéiert. Nei Welten entdecken an och mol de Bléckwénkel variéieren. All déi Mënschen, déi am All waren, soe jo, datt all Mënsch dat och misst maachen fir sech bewosst ze ginn, wéi kleng am Fong eise Planéit ass a wat et heescht en Doheem ze hunn, wann eng Kéier wäit vun deem ewech ass. D'Marie Gales beschäftegt sech haut mat de Mënschen, déi dozou bäigedroen hunn, dass Mënschen iwwerhaapt an de Weltraum koumen an och op de Mound.

21/08/2019 Moundlandung: Wichteg Mënschen

Viru genee 500 Joer ass de Leonardo da Vinci gestuerwen, mä säi Schaffen wierkt nach haut. Hie wollt d'Villercher imitéieren an hat dofir hir Beweegungsofleef studéiert fir dës op Fluchapparater ze iwwerdroen. Och wa seng Apparater fir ze fléien ni funktionéiert haten, hat hien och déi néideg Miessgeräter entwéckelt an e Fallschierm beschriwwen.

Ënnert anerem hat den Da Vinci och eng Methode fir d'Distanzen zu Planéiten ze rechnen an och mam Mound hat e sech beschäftegt.

Och de Jules Verne dierf an dëser Lëscht net feelen. De franséische Schrëftsteller a Matgrënner vun der Science-Fiction-Literatur gouf duerch vill fantastesch Romaner bekannt, sou och 1865 a -70 mat ''De la Terre à la Lune'' an ''Atour de la Lune, déi d'Fléie bei de Mound 100 Joer virewech huelen. Mat villen Detailer louch de Verne deemools net falsch, obwuel seng Astronauten haten eng Kanoun gebraucht a sinn och net um Mound gelant.

Ma komme mir zum eigentleche Mann, dee vill zu der éischter Moundlandung bäigedroen huet, an zwar dem Wernher von Braun. All Geschicht-Interesséierten weess, dass dësen Numm och an Nazidäitschland an der SS opgedaucht. Ma et war  genee hien, deen den Amerikaner dee Wee erméiglecht hat fir op de Mound.

D'Reichswehr gouf op hien am ''Verein für Raumschifffahrt“ opmierksam an an der Heeresversuchsanstalt Peenemünde war dem von Braun d'Entwécklung vun der Aggregat 4 gelongen. Mä säi Projet soll villen Zwangsaarbechter a KZ-Prisonéier d'Liewe kascht hunn, déi do hu misste matschaffen. D'A4 gouf als Terrorwaff agesat an hat vill Affer am 2. Weltkrich gefuerdert.

Nom Krich haten d'Amerikaner de von Braun mat an d'USA geholl a wéi d'Sowjetunioun am Gaang war de Weltraum ze erueweren, huet de von Braun misste weise wat e kann. Bannent 80 Deeg konnt ënnert senger Leedung de Satellit Explorer 10 an de Weltall geschoss ginn.  Bleift natierlech ëmmer dee Schiet vu senger Nazi-Vergaangenheet, vun där hien e Liewe laang näischt wollt wëssen an déi och déi amerikanesch Autoritéiten haten dës geheim gehalen.

Ma et wier onfair vun der Eruewerung vum Weltraum ze schwätzen, ouni Russland ze nennen.

E wichtegen Numm ass dee vum Konstantin Eduardowitsch Ziolkowski, e Visionär, dee senger Zäit am Zarerussland laang viraus war. Och hien hat fréi ugefaange selwer Geschichten iwwer interplanetar Raumfaart ze schreiwen an hat do ëmmer méi technesch Iwwerleeungen afléisse gelooss wéi een et realiséiere kéint an de Weltall ze fléien.

An da wier do nach de Sergei Pawlowitsch Koroljow, e sowjetesche Rakéitekonstrukteur a Weltraumpionéier. Zu senge gréisste Succèsen zielen d'Konstruktioun vun der R-7, der 1.Interkontinentalrakéit vun der Welt, de Start vum Sputnik 1 1957 a dann den 1.Weltraumfluch vun engem Mënsch, dem Juri Gagarin, 1961.

Mä ir et sou wäit koum, war hie Enn der 1930er Joren onschëlleg zu 10 Joer Zwangsaarbecht am Gulag agespaart ginn. Doudkrank koum hien 1944 duerch d'Hëllef vum Fligerkonstrukteur Andrei Tupolew nees fräi an nom 2. Weltkrich gouf hien direkt Chefkonstrukteur vum sowjetesche Rakéiteprogramm.

Natierlech goufen et nach vill aner Mënschen, déi gehollef hunn, dass éischt Mënschen an de Weltall konnte fléien. Sou eng grouss Entreprise ass ganz seelen de Verdéngscht vu just 1 Persoun!