Nodeems d'Apollo 11 den 21. Juli viru 50 Joer mat vill Succès um Mound gelant war an déi 3 Astronauten u Bord nees gesond a monter heem koumen, war den Interessi schonns net méi sou grouss wéi d'Apollo 12 e puer Méint drop op de Mound geflu war. Et war zur Normalitéit ginn, dass Mënschen op den natierlechen Äerdtrabant fléien an och de Mediespektakel huet sech a Grenze gehalen. Dat sollt sech mat engem klenge Saz änneren, Marie Gales.

28/08/2019 Moundlandung: Apollo 13

Mol keen amerikanesche Sender hat d'Missioun vun der Apollo 13 iwwerdroen.
"Houston, we've had a problem..."
Dono war alles anescht an d'Medie waren nees ganz Ouer.
Alles hat no Routine ausgesinn wéi d'Apollo 13 den 11. Abrëll 1970 zu Cape Canaveral a Richtung Mound gestart war, ma no 55 Stonnen a 54 Minutten war an enger Distanz vun 322.000 Kilometer vun eisem Planéit ewech, ee vun den 2 Sauerstofftanken am Servicemodul vun der Raumkapsel explodéiert an den zweeten Tank war doropshin ondicht.
D'Liewe vun den 3 Astronauten James Lovell, John Swigert a Fred Haise war a Gefor, well d'Brennstoffzellen fir Waasser a Stroum ze produzéieren just nach e puer Stonne geschafft hunn an d'Systemer fir ze liewen an der Raumkapsel ausgefall waren. Allen 3 sinn dunn an déi enk Navette fir um Mound ze landen geplënnert. Well d'CO 2-Filtersystemer vun deenen 2 Navetten net kompatibel waren, hu si missten aus Päsch, Plastikstuten, Pläng an enger Strëmp en Adapter bauen, dat op Uweisung vum Kontrollzenter zu Houston, wou mat perfekter Technik a Logistik d'Fluchingenieuren alles dru gesat hu fir déi 3 nees heem ze kréien.

Si konnten awer net einfach sou ëmdréinen an zréck kommen zréck fléien, mä hu missten ëm de Mound fléie fir deem seng Schwéierkraaft als Undriff ze benotzen. Och all iwwerflëssege Stroumverbraucher gouf ofgeschalt, sou dass déi 3 bei 0 Grad hu missten aushalen. 4 Deeg hat d'Odyssee vun der Apollo 13 gedauert an d'Welt konnt de 17. Abrëll opootmen, wéi déi 3 du sécher am Pazifik gelant sinn.

Natierlech géifen Explosiounen an all aner denkbar Extremsituatiounen x-mol geprouft ginn an Checklëschten ausgeschafft, mä dass et net just bei de Motoren ma och an engem Sauerstofftank zu enger Explosioun komme kéint, hat kee Mënsch a Betruecht gezunn.
De Grond wier den Incident bei der Apollo 13 wier op eng ganz Rei vu falschen Astellungen a Aschätzungen zréckzeféieren. Duerno gouf an den anere Raumschëffer d'Thermostatschaltere ausgewiesselt an en drëtte Sauerstofftank agebaut.

Och wann d'Apollo 13 ni um Mound war, ass dës Missioun nach ëmmer als gutt Beispill fir eng exemplaresch Teamféierung a Ressourcemanagement an Extremsituatiounen. An déi 3 Astronaute u Bord sinn déi Mënschen, déi mat 401.056 Kilometer am wäitste vun der Äerd fort waren.

A wie kennt de Film net?! 1995 gouf d'Geschicht vun der Apollo 13 mam Tom Hanks an der Haaptroll verfilmt, mat Succès. Et goufe fir de Film ''Apollo 13'' 2 Oscaren.