Den 1. Mënsch um Mound war 1969 den Neil Armstrong an de Leschte war 1972 den Gene Cernan. Zanterhier hu just Roboter den Äerdtrabant besicht. Ma dat soll an Zukunft nees änneren, Marie Gales

04/09/2019 Moundlandung: Nei Pläng fir op de Mound

Mënschefrëndlech ass de Mound net, dëse besteet aus Steng an enger Stëbsschicht, déi 15 Zentimeter déck ass. Et gëtt do keng Atmosphär, dofir kann een do och net matenee schwätzen, well et kee Schall gëtt. Och d'Dimensioune vum Mound si vill méi kleng wéi déi vun eisem Planéit; säin Duerchmiesser huet eng 3.476 Kilometer, also ronn 1 Véierel vum deem vun der Äerd. An et brauch 81 Mounde fir d'Gewiicht vun der Äerd ze hunn. Och wann de Mound nuets hell ass, gëtt e selwer kee Liicht of, a Wierklechkeet reflektéiert hie just d'Sonneliicht, dat op hie fält.

D'Flecken, déi mir vun eisem Planéit aus gesinn, sinn am Fong Bierger an Däller mat ville Krateren, déi duerch Asteroidenaschléi entstane sinn. Eleng déi Säit vum Mound, déi zu eis gedréint ass, huet eng 300.000 Lächer mat enger Gréisst vun e puer Kilometer, wéi de Kopernikuskrater, deen et schonns zanter 800 Millioune Joer gëtt.

Fir dat alles méi genee ze erfuersche waren d'Mënschen op de Mound geflunn. Do hu si och erausfonnt, dass dem Mound seng Schwéierkraaft 6 mol méi schwaach ass wéi déi vun der Äerd. Dat heescht, dass alles an all Mënsch just 1 Sechstel do weit an d'Astronauten 6 mol méi héich sprange kënne wéi soss. Well et um Mound kee Ree gëtt, wäerten d'Foussspuren vu den 12 Mënschen um Mound ni verwëscht ginn.

Den Interessi ass och hat nach ëmmer grouss fir méi iwwert eisen natierleche Satellit gewuer ze ginn. Amplaz Mënsche waren et du Roboteren, wéi zum Beispill een aus China, dee virun 2 Joer nees Steng matbruecht huet. Interessant war deemools d'Erkenntnis, dass do e puer Steng vum Mound derbäi waren, déi op 2,96 Milliarden Joer geschat goufen. Déi waren däitlech méi jonk wéi elo déi Steng aus den 1970er Joren, déi op 3 a 4 Milliarde Joer geschat ginn.

Et gëtt ugeholl, dass de Mound viru ronn 4 Milliarde Joer e risegt Magmamier muss gewiescht sinn an du kal gouf.

Déi chinesesch Moundmissioun kéint een iergendwéi als Optakt vun enger Renaissance vun der Moundfuerschung gesinn. Nieft China, déi Ufank vum Joer mat engem anere Roboter op der Récksäit vum Mound lande konnt, hat Israel och eng onbemannte Sonde eropgeschéckt, déi awer explodéiert war. Indien hunn elo wëlles eng Raumsonde landen ze loossen an och Länner wéi Russland an d'USA hunn hiren Interesso nees ugemellt.

Russland huet wëlles bis 2029 Mënschen op de Mound ze fléien an d'Trump-Regierung schwätzt souguer do vun 2024, d'Nasa selwer hat 2028 ugepeilt. An et soll dann och mol eng Astronautin sinn, déi mat op de Mound flitt.

Mä bis dohinner wier et nees e wäite Wee, an déi amerikanesch Weltraumadministratioun setzt dës Kéier op privat Entreprisen, déi de Wee an de Weltraum solle fräi maachen. Fir Geld ze spueren, huet d'Nasa 3 extern Firme mam Bau vu ferngesteierte Moundlandekapsele beoptragt, dat alles am Kader vum Artemis-Programm, sou den Numm vum aktuelle Raumfahrtprojet vun der US-Regierung an der Nasa.

© https://www.nasa.gov