Nach ni goufen et sou vill Mënschen op der Welt, déi sou al goufen! Weltwäit sinn et eng 533.000 Mënschen. An och zu Lëtzebuerg hu mir eng gutt Rei Mënschen, déi 3-stelleg sinn! Geheimnis? Sech gutt versuergen!

11/07/2019 iwwer 100 joer

Mir hu beim Statec fir d'Zuele vu Lëtzebuerg nogefrot. Op den 1.1.2019 waren an der Tranche 95 - 99 Joer 697 Mënschen, 575 Fraen an 122 Männer. A ganz präzis waren et 69 Mënschen am Land, déi 100 Joer a och méi haten. 54 Fraen a 15 Männer. Den aktuell eelste Mënsch op der Welt ass och eng Fra, d'Japanerin Kane Tanaka mat 116 Joer. D'Äntwert op d'Fro firwat ass fir d'Wëssenschaftler ganz kloer: Si fëmmen awer nach ëmmer manner, drénke manner Alkohol a gi méi dacks bei den Dokter.

80 Prozent vun de 533.000 Mënschen, déi 100 Joer hunn, si Fraen. An do schwätzen mir och net méi vun enger Boomchen oder eng Boopchen, wéi se fréiers ausgesinn hunn. Dat ass haut och komplett anescht. Haut gesäis du déi al Dammen oder Hären an Jeans op der Croisière sëtzen, a Form, gesond a monter, dacks nach mat hiren eegenen Zänn.

Also sech versuergen ass wichteg wann een en héijen Alter virun Aen huet.
Op Plazen, wou déi medezinesch Versuergung net gutt ass, ginn d'Mënschen och net sou al. Ween zum Beispill en Häerzinfarkt huet a séier behandelt gëtt, kann duerno awer nach weider liewen. An anere Wieder Stied si gutt d'Alginn, do ass ee bei alles. Wat ee méi ofgeleeë wunnt, wat ee méi Zäit alt brauch fir séier bei den Dokter oder Spidol ze kommen.

Sech gutt versuergen heescht sécher och eng gutt Ernärung.
Do sinn et 2 Plazen op der Welt, wou richteg vill al Mënschen liewen, vill iwwer 100 Joer.... dat ass op italienescher Insel Sardinien an op der japanescher Insel Okinawa. Do steet um Menü: Geessemëllech, Pois chiche an Tomaten...keng Fritten oder soss ongesond Iesswueren.

Et huet een och kee Stress méi, déi al Mënsche liewen einfach den Ament, do ass och kee Konkurrenzdenke méi do. En héijen Alter géif einfach nëmme glécklech maachen, soen d'Altersfuerscher.
An dozou hunn ech nach passend dëse Sproch: Gebuertsdeeg si gutt fir d'Gesondheet, Etüden hätten gewisen, dass Mënschen mat méi Gebuertsdeeg méi laang liewen.