An der belscher Haaptstad Bréissel, méi genee zu Anderlecht, hu sech viru ronn 5 Joer zwee Kollege geduecht: Komm mer baue Champignonen un, hei an der Stad. Wéi déi Iddi weidergaangen ass, a wat "Le Champignon de Bruxelles" ausmécht, gouf d'Julie Dupont vum Quentin Declerck, Responsabelen fir d'Kommunikatioun, gewuer.

12/07/2019 Champignonen vu Bréissel

Ënnert engem Schluechthaus zu Anderlecht leien d"Caves de Cureghem". An do wuessen elo zanter 2016 op ronn 1000m2 Champignonen, ënnert den Aen vun 12 Mataarbechter. Op d'Fro wéi een dann op d'Iddi kënnt fir an enger Haaptstad Champignon ze zillen, sot de Quentin Declerck, vu "Le Champignon de Bruxelles":

Wéi ass d'Iddi komm?

De Kaffisaz war also net dat richtegt fir d'Shiitake Champignonen. Dofir huet missen een neie Buedem mat deene richtegen Nährstoffer fonnt ginn. No laangem Sichen hunn se d'Äntwert am Béier fonnt. Méi genee an der sougenannter "Drêche".

Wat ass "Drêche"?

A wann déi vum "Le Champignon de Bruxelles" vill Champignonen soen, da mengen se dat och esou.

Wéi vill Champignonen gi produzéiert?

3 bis 4 Tonnen de Mount sinn eng stolz Quantitéit u Champignonen. Wou ginn all déi Champignonen dann hinn, well alleng Iessen kann een se jo net?

Wat geschitt mat de Champignonen?

Nohaltegkeet ass bei "Le Champignon de Bruxelles" wichteg. Duerch d'Iwwerreschter vun der Produktioun konnten nach aner Projeten an d'Liewe geruff ginn. Sou zum Beispill ECLO. Do ginn d'Kellerraim duerch selwer gewonnen Hëtzt gewiermt, fir jonk Schëtz erun ze zillen.
Wat awer och speziell ass hei, ass d'Struktur vun der Entreprise. "Le champignon de Bruxelles"  schafft nämlech als Kooperative.

Wat ass speziell un ärer Kooperative?

© Kevin FAINGNAERT