De Mënsch vun haut ass op 31.000 Spezies vu Planzen ugewisen, Di meescht brauche mer als Medikament esou wéi och als Bau a Kleedungsstoff. Dogéint sinn d'Planzen an de Blummendëppen nëmmen eng schéin Dekoratioun. Allerdéngs huet sech och do erausgestallt, dass d'Zëmmerplanzen méi sinn wéi nëmmen eng schéin Deko, Michèle?

12/07/2019 Planze ronderëm si gutt fir eis

Eng Etude an enger amerikanescher Firma weisst dass se Stress reduzéieren. Hei goufen Dëppen opgestallt mat Aloe Vera an dem beléiften Drachebaam, dat direkt an e puer Büroen. Fir e Vergläich ze kréien hunn d'Fuerscher d'Planzen all Dag fir eng Zäitchen och nee ewechgeholl an hu festgestallt, dass d'Leit am Entourage vum Gréngs hir Aarbecht léiwer maachen an och alles méi iwwersiichtlech ass. Deemno wat dat fir d'Testpersounen och automatesch manner Stress esoubal dat Gréngs nees do war. Dëst gouf och unhand vu Spautprouwen erausfonnt, déi während deems geholl goufen an an deem d'Stresshormoner analyséiert goufen. Eng besonnesch Stressreduzéierend Wierkung haten d'Planzen och dann wann d'Leit sech aktiv dermat beschäftegt- an déi reegelméisseg versuergt hunn. 

Zëmmerplanze fuerderen physiologesch Prozesser an hunn e Meditatiounsähnlechen Effekt op eis. Och wa mer eis nëmmen e puer Minutten an hirer Géigend ophalen. 5 Minutte ginn duer dass de Bluttdrock erofgeet. Eng kuerz Zäit wou d'Probanden op d'Planz gekuckt hunn ass ähnlech wéi e meditativen Zoustand an eng signifikativ Aktivéierung vum Parasympathikus, deen autonomen Nervesystem, deen en entspaanten Zoustand signaliséiert.

D'Bürosetude goung nach virun an Aarbechter déi sech moies immens midd gefillt hunn, déi hunn sech nees wakreg gefillt, wa Planzen am Zëmmer waren. Dat kéint ënnert anerem op déi biochemesch Wierkung vun de Planzen op eise Wunnraum zeréckzeféiere sinn, well se en Deel vun der verbrauchter Otemloft ophuelen an och d'Fiichtegkeet am Raum reguléieren an dem Zëmmer Schuedstoffer ofzéien. Dat erkläert firwat mer eis a gréng dekoréierte Reim manner midd fillen a besser konzentréiere kënnen. Ausserdeem ass och d'Gediechtnës vun de Leit mat an ouni Planze getest ginn an déi Leit déi Planzen am Zëmmer hate konnten sech wesentlech besser konzentréieren. 

Generell schéngt d'Wierkung vun de Planzen am Zëmmer, deenen an der Natur staark ze gläichen, dofir beschäftegen sech d'Fuerscher mam therapeutesche Potenzial am Kader vun der Ökotherapie. Planze bidden therapeutesch Usätz déi de Stress bekämpfen, Stëmmungsschwankunge verbesseren an d'Belaaschtung reduzéieren. Bei Verhalensstéierunge wéi ADHS oder Demenz kéint eng Zëmmerplanz eng positiv Wierkung entfalen an extrem vill Virdeeler opweisen, an éischter Linn deenen eelere Leit déi net méi an d'Natur spadséiere kënne goen.
Och a Stied a Metropole wou Parken a Gréngfläche rar sinn, kéinten Zëmmerplanzen hëllefen.