Jo sou eng Limonad egal wat fir eng Faarf se huet, erfrëscht dach immens! E Schwäizer Zännmedeziner a Chimiesingenieur huet vill Gedrénks, Iesswueren a Medikamenter ënnersicht a koum zu erstaunleche Resultater.

15/07/2019 Schiedlech Gedrénks fir Zänn

Konzentréiere mir eis op d'Gedrénks - gewosst ass dass d'Saieren vu Cola a Co eisen Email ugräifen, deen eis Zänn schütze soll. Do schwätze mir da vun Erosioun an dat kann dozou féieren dass d'Zänn wéi dinn a sech verfierwen. Vun der Zännerosioun wieren der Schwäizer Zänndoktesch-Gesellschaft no en Drëttel vun de 26-bis 30-Jähregen a bal d'Hallschent vun de 45- bis 50-Jähregen betraff. An de Problem géif ëmmer méi grouss ginn, well vill Mënschen haut gäre sauer iessen an där Softdrinks drénken.

D'Gedrénks mat dem gréissten "erosiven Potenzial", dat am Test den Zänn am meeschte geschuet huet, war rengen Hibiskus-Téi. Dann eng ganz Rei d'Light-Versioune vu bekannte Limonaden- a Colasmarken, Alkopops och e puer Medikamenter, net ze vergiessen och extra séiss Flëssegkeeten fir Kanner. Och wann d'Energy Drinks manner schlecht ofgeschnidden hunn an dëser Etüd, sinn se awer nach ëmmer staark erosiv.

Fir d'Etüd goufen Zänn benotzt, déi Zänndoktere gesammelt haten. 2 Minutten goufen dës dëse Substanzen ausgesat an d'Resultater hu gewisen, dass de pH-Wäert eng wichteg Roll spillt. Dëse seet, wéi sauer oder basesch e Gedrénks ass. Flëssegkeete mat déiwem Wäert schueden den Zänn vill méi, obwuel et ginn Ausnamen. Do ass de roude Wäin mat engem nawell déiwe pH-Wäert an deen ass net sou erosiv. Dat kéint un de sougenannte Polyphenolen leien, déi déi schiedlech Wierkung ophiewe sollen.
Net bei alle Produite wier kloer, firwat se schiedlech sinn, zum Beispill beim Hibiskus-Téi muss et un de Substanzen an der Planz leien, firwat dee sou schlecht fir d'Zänn ass an ëmgekéiert weess een net genee firwat de Béier guer net schiedlech fir den Email vun den Zänn ass. Do tippt een op d'Proteinnen am Béier .

Et kann een awer och dat erosivt Potenzial reduzéieren, wéi zum Beispill an den Orangejus kann een e bëssi Kalzium ginn, wéi een dat dacks an den USA mécht. Den héije Kalziumgehalt wier och Grond, firwat Jughurte manner schiedlech wieren wéi elo Softdrinks-Light-Produiten. Do funktionéiert de Kalzium-Trick net. An deenen ass d'Zitrounesaier dran an dës ass méi schiedlech, nach méi wéi d'Kuelesaier.
Fir d'Zänn ze schütze soll een net a klenge Schluppen drénken, mä séier fir dass dës Flëssegkeet duerch de Mond flutscht. Et kéint och hëllefen de Mond duerno mam Waasser ze spullen.
Och de Stréihallem soll een op der Säit loossen, géif dacks falsch applizéiert ginn an am Fong méi schueden.

Apropos Saier, et ginn et der immens vill an déi kommen a ganz villem vir wat mir iessen an drénken. A fir dass eis Zänn iwwerhaapt eng Chance hunn, eng richteg Mondhygiène muss natierlech si wann ee seng Zänn an der Rei hale wëll.