Nach hutt Dir Zäit är Playlëscht fir den 21. Juli zesummen ze stellen an u Lidder soll et fir den 50. Anniversaire vun der 1. Moundlandung net feelen.

16/07/2019 Musek fir de 50. Joresdag vun der Apollo-11

Et gi wierklech immens vill Lidder iwwert de Weltall, Mound a Stären. Dat geet vu Swing vum Frank Sinatra bis zum Pop vum David Bowie.
Ma dat ass net dat eenzegt Lidd vum englesche Superstar, dat sech mat dem Liewen iwwert eis beschäftegt, do kann een och nach ''Starman'' nennen, grad wéi säi ''Moonage Daydream'' an och nach ''Life On Mars'', wéi hien sech als Alien-Rocker Ziggy Stardust inzenéiert huet. Och säin allerleschten Album hat den Tittel Blackstar, also och d'Pop-Ikon Bowie, deen eis virun 3 Joer verlooss huet, war vum Weltall an alles wat domadder ze dinn huet, faszinéiert.

Wéi wier et dann och mam Van Morrison mat ''Moondance''. Coole Sound liwweren Police mat ''Walking On The Moon'' an natierlech R.E.M mat ''Man On The Moon''
 
Zréck bei d'Lidd ''Space Oddity'' vum David Bowie, den 11. Juli 1969 koum dat eraus, 10 Deeg duerno si se um Mound gelant. Dat war dach passend a gouf den Duerchbroch fir den englesche Museker. Obwuel et muss ee soen, de Bowie hat sech net un dësem Megaevent inspiréiert, mä um Film vum Stanley Kubrick «2001 - A Space Odyssey» vun 1968.

De Label Parlophone huet net verpasst dem Bowie säi Kultsong mat dësem Anniversaire ze verknäppen. An huet sou eng ganz edel Vinylsingle-Box eraus ginn an och de Website ''Space Oddity x Unlock The Moon Experience'' ass online gaangen. Den 20. Juli soll e ''Space Oddity''-Video am Kader vun der Show ''Apollo 11: A 50th Anniversary Celebration'' Premiere feieren.

Elo ass dëst Lidd dann e bëssi vill düster a gouf deemools vun der BBC eréischt nees gespillt, wéi déi 3 Astronauten sécher op der Äerd waren. Do ass dem Frank Sinatra säi Lidd ''Fly me to the moon'' dach méi optimistesch an déi 3 Astronauten vun der Apollo-10 haten dëst Lidd scho gelauschtert wéi si an d'Ëmlafbunn vum Mound geflu sinn. Och der Besatzung vun der Apollo-11 dierft dëst Lidd an Erënnerung bliwwe sinn, sou gouf et deemools vun der Äerd per Funk u Bord iwwermëttelt a war sou bei der weltwäiter Fernsehiwwerdroung vun der Moundlandung ze héieren.

E weidert Lidd op eisem Soundtrack vun der 1.Moundlandung dierf net feelen, och mol e Kritescht. Mat ''Whitey On The Moon'' hat de Song-Poet Gil Scott-Heron 1970 d'Striewe vun der wäisser amerikanescher Gesellschaft no der Weltraum-Herrschaft an déi batter Aarmut vu ville Schwaarzen op der anerer Säit thematiséiert. Dat Lidd ass am Astronautefilm «First man» vun 2018 ze héieren. Den amerikaneschen Acteur Ryan Gosling spillt hei den Neil Armstrong, den 1. Mann um Mound. Och dee Film kann ee kucken, leeft dëser Deeg natierlech op der Tëlee. An da ginn et och komplett Albummen wéi vu Pink Floyd  mat the ''Dark Side Of The Moon'' oder dem Brian Eno säin Album ''Apollo: Atmospheres & Soundtracks''.