Den Datum op de Liewensmëttel gëtt deen Zäitpunkt un, bis zu deem dëst Liewensmëttel -wann een et da richteg stockéiert - seng spezifesch Eegenschaften wéi Geroch, Geschmaach oder Faarf behält. Gouf déi original Verpackung richteg gelagert, da sinn dës Liewensmëttel, och wann den Datum ofgelaf ass, dacks nach ze genéissen an net automatesch verduerwen. Allerdéngs sollt een sech grondsätzlech, och virum Datum iwwerzeegen, well wann se komesch ausgesinn, richen, oder schmaachen an net méi déi richteg Konsistenz hunn, sollt een se ewech geheien. 

15/07/2019 Liewensmëttel: Ofgelaaf ass net onbedéngt schlecht

Am Handel ass en Datum deen iwwerschratt ass, net ausdrécklech e Verbuet den Artikel ze verkafen, allerdéngs ass dann awer den Händler fir d'Sécherheet an d'Qualitéit vum Produit responsabel. Hie muss dann nämlech op Nummer Sécher goen, dass dat betraffent Liewensmëttel nach gutt ass, a muss och op den Datum opmierksam maachen. Dacks ginn esou och d'Präisser reduzéiert fir d'Produite méi séier nach ze verkafen. 
Wéi dësen Datum markéiert muss ginn, dat ass am EU-Liewensmëttelgesetz gereegelt. Deemno ass d'Formuléierung "Mindestens haltbar bis..." oder "à consommer de préférence avant le..." virgeschriwwen.
Wéi genee deen Datum muss sinn, do muss de Produzent sech no der Haltbarkeet riichten a kann den Datum genee mat Dag, Mount a Joer uginn.  

Net all Liewensmëttel huet en Datum. Ausname ginn et beim Uebst, Geméis, Alkoholeschem Gedrénks mat méi wéi 10% Alkohol, Bakwueren déi normalerweis souwisou bannent 24 Stonne giess ginn, Esseg, Salz, Zocker Knätsch a Kamellen déi just aus Zocker an Aroma oder Faarfstoffer zesummegesat sinn.    

Haltbarkeetsdatum a Verfallsdatum ass och net datselwecht.

Anescht wéi deen Datum bis deen d'Liewensmëttel sech op mannst hält, ass de Verbrauchsdatum, deen op Saache steet déi séier verdierwen, dat wär dann dee Moment d'Formuléierung "zu verbrauchen bis..." oder "A consommer jusqu'au..." wann hei den Datum ofgelaf ass, ass d'Liewensmëttel tatsächlech net méi gutt.  
Als reng Virsiicht, oder well d'Konsumenten dat och dacks falsch verstinn, wandere vill Liewensmëttel onnéideg an d'Dreckskëscht déi nach gutt hätte giess kënne ginn. Dat sinn net nëmme Suen déi an d'Poubelle fléien, ma och ökologesch an ethesch problematesch. Ze vill Quantitéiten u Liewensmëttel ginn nämlech produzéiert, verschafft, verpaakt, transportéiert a gelagert, fir dann ewechgeheit ze ginn.