Och dofir ginn et gesetzlech Virschrëften un déi ee sech als Proprietär muss halen. Fir d'Vakanzen-Zäit huet den zoustännege Ministère e Rappel erausginn.

17/07/2019 Vakanz mam Hond an/oder der Kaz

Eis Hënn a Kazen si net nëmmen Hausdéieren, mä Familljememberen. Dofir ass et fir vill Proprietairen selbstverständlech dass se entweder gutt versuergt sinn wann hir Famill an der Vakanz ass, oder se gi ganz einfach mat.

- Wann de Mupp an eng Pensioun geet, ass et wichteg dass e geimpft ass. Net nëmme géint d'Tollwut, mä och géint den Zwingerhouscht. Kazen, esou gëtt recommandéiert, sollt ee géint déi 'feline Peritonite', kuerz FIP, impfe loossen. Traitementer géint Parasiten sollte gemaach ginn, also géint Fléi, Zecken a Wierm), déi hänke vun de Regiounen of an déi ee fiert. Sief nach drun erënnert, dass all Hond an all Kaz muss gechippt sinn, fir dass hien oder si kann identifizéiert ginn.

- Ginn d'Hausdéieren mat an d'Ausland, muss een als Besëtzer hire Pass dobäi hunn. An deem muss alles festgehale sinn: d'Identitéit, d'Impfungen, d'Traitementer géint Parasiten a fir verschidde Länner, och d'Resultater vun engem virgeschriwwene serologeschen Test. Fir Reesen bannent der Europäescher Unioun ginn normalerweis e Microchip, eng Tollwut-Impfung an de Pass duer. Fir Länner ewéi Groussbritannien muss een zum Beispill nach zousätzlech un en Traitement géint d'Echinococcose denken, an och dee muss vum Veterinaire an de Pass geschriwwe ginn.

© Pixabay

- Während dem Transport muss d'Déier genuch Waasser kréien fir keen Hëtzschlag ze maachen, an et ass och verbueden et am waarmen Auto, der Camionnette oder dem Camper ze loossen.

- Zu Ärem Wuelbefannen an Ärer Sécherheet sollt Der Iech net ëm Hënn a Kazen vun der Strooss këmmeren, well ee ni weess wat se kënnen hunn. Wéilt een esou en Déier 'retten' a mat op Lëtzebuerg bréngen, muss een et identifizéieren a géint Tollwut impfe loossen (déi Impfung ass awer eréischt 3 Wochen nom Datum gëlteg, op deem gesprëtzt gouf). Ausserdeem gëtt och en europäesche Pass gebraucht an et ka ni ausgeschloss ginn dass dee Béischt nach anere Kränkten iwwerdréit ewéi d'Tollwut.

Fir weider Renseignementer frot onbedéngt mat Zäiten Ären Déierendokter oder bei der Veterinär-Verwaltung an der Stad no.

D'Telefonsnummer vun der ASV, der 'Administration des services vétérinaires': (+352) 247-82539

an d'Email-Adress vun deem Service: info@asv.etat.lu

Mir wënschen eng schéin Summervakanz :-)