Et gesäit net wierklech gutt aus fir Instagram-Influencer. Eng Etude huet elo bewisen dass d'Likes-Zuele bei gréisseren Accounts drastesch ofhuelen. Ass de Marketing vum Influencer schonn nees kale Kaffi? Oder muss vläicht eng nei Strategie fonnt ginn? D'Michèle Schons huet recherchéiert:

17/07/2019 Instagram: ëmmer manner Afloss fir Influencer

D'Influencer si jo eigentlech nach e relativ neie Phenomen an der Online-Welt ma anscheinend stinn déi Social-Media-User, déi grad nach esou vill Afloss haten an als Zukunft vu Marketing a Reklamm gesi goufen, elo scho virun der Faillite.
D'Marketingfirma Influencer DB huet ënnersicht, wéi vill User mat de Posts vun Influencer interagéieren, dat heescht do e Like hannerloossen an dofir gouf d'Zuel vun de Likes am d'Relatioun mat der Unzuel u Follower vun engem Account gesat. Den Interaktiounstaux huet iwwert déi lescht Jore permanent ofgeholl.
Fir d'Influencer ass dat natierlech e schwéiere Steen deen se an de Wee vun hirem Geschäftsmodell geluecht kréien, well se jo quasi op Likes an op d'Opmierksamkeet vun de Leit ugewise sinn.  
Mee wat man déi béis Leit? Si scrollen ëmmer méi dacks iwwert nei Beiträg ewech, sinn och heiansdo ze liddereg fir e Like ze drécken, well et einfach ze vill Posts am Netzwierk gëtt a souguer Posts déi bezuelt ginn, a vun deenen d'Leit och mëttlerweil scho genervt sinn, kréien nach just 1,9% also d'Hallschent vun de Likes wéi nach virun dräi Joer. Domat verschäerft de Kampf ëm d'Opmierksamkeet sech nach emol méi.  
am beschte kommen déi méi kleng Accounts nach ewech, déi tëscht 1000 a 5000 Follower hunn an eng Ratio vun 8,8% erreechen. Wat d'Followzuele méi grouss, wat sech manner User och fir e Like ulackele loossen. Dat wär och domat z'erklären, dass d'Leit bei engem klengen Account nach méi eng perséinlech Relatioun mat dem Mënsch oder der Marque hannert dem Account hunn.
Am beléiftsten ënnert deene grousse sinn nach ëmmer d'Rees-Influencer, déi nach bei 4,5% leien an Instagrammer aus anere Beräicher leien däitlech derhannert och wann se vill méi posten.