Zecke, Medusen, Beien, e Sonnebrand oder e Sonnestach. Dacks kënne schonn e puer ganz einfach Gesten d'Vakanz retten. Awer opgepasst. Net all aalt Rezept wat ee mol esou héieren huet hëlleft. Verschiddener si souguer en absoluten No-Go.

18/07/2019 Vakanze-Boboen

Wat hëlleft wann eng Meduse ee mat hiren Tentakelen erwëscht huet?
Wann hiert Gëft an d'Haut schéisst, da gëtt dat eppes wéi eng Verbrennung an et bäisst. Also wat maachen? Fir t'éischt emol déi kleng Tentakelcher, wann der do sinn, ewech maachen. Awer net mat der blousser Hand mee mat enger Händsch oder et sollt ee Sand op déi Plaz maachen, deen dréchene loossen an duerno mat enger Kreditkaart, engem Stéck Kartong oder wat ee grad huet ewech reiwen.
Wichteg ass, duerno mat Mierwaasser ze botzen an net mat normalem Waasser an et sollt een och net drop Pippi maachen. Dat ass eng vun den ale Seeërcher déi een net soll gleewen.
Déi franséisch Seenoutrettungs-Organisatioun mécht och den Appel net mat Esseg un d'Wonn ze goen an d'Gëft net eraus ze suckelen. Mee, wann déi ganz Heeërcher fort sinn, da kann een mat de gänge Produiten desinfizéieren. An opgepasst, d'Tentakele vun de Medusen bleiwe weider pickeg, och wann d'Déier schonn dout ass.

Vun enger Bei gepickt. Och net grad dat schéinst Erliefnis am Summer. Wat mécht een do am beschten?
Harespele picke méi dacks. Beie picken nëmmen eng Kéier a si stierwen direkt duerno. Bei deem Piiks loosse se de Stachel mat all sengem Gëft an eiser Haut an dat verdeelt sech. Et geet also drëm fir dee Stachel sou séier wéi méiglech eraus ze kréien, mam Nol oder mam hënneschte vun engem Messer, enger Kreditkaart wou ee parallel zu der Uewerfläch vun der Haut fiert. Sou steet et och um Site Ameli vun der franséischer Krankekeess ze liesen. Si leeën engem un d'Häerz fir de Stachel net mat enger Pince eraus ze huelen well d'Drüs mam Gëft kéint platzen an d'Plaz nach méi kéint vergëften.
Ass de Stachel eraus, d'Plaz wou ee gepickt gouf mat Waasser a Seef wäschen an desinfizéieren. Et kann een och Äis géint d'Schwëllung a géint de Wéi drop maachen, ouni dass dat awer direkt a Kontakt mat der Haut kënnt. Sollt een an de Fanger gepickt ginn... Réng a Braceleten aus! Sollt een an d'Géigend vu Gesiicht, Hals, Mond gepickt ginn.. den 112 uruffen. Gëllt och bei Kanner déi 4 mol oder Erwuessener déi 20 mol beienee vun enger Bei gepickt goufen.

Eng Zeck erwëschen ass och lästeg a virun allem geféierlech wéint der Borrélios.
Dofir, nom Spadséiergank duerch d'Natur, den Check maachen. Am léifste gi se do wunnen wou et waarm a fiicht ass. Eng rout Plaz mat engem klenge schwaarze Punkt an der Mëtt, dat riskéiert eng Zeck ze sinn. Et spiert een dat Déier net, mee et saugt sech iwwer Deeg voll mat Blutt. Wat se méi laang am Kierper ass, wat de Risk, dass se d'Borrélios iwwerdroen méi grouss gëtt.
Fir se raus ze zéien an ze evitéieren dass se mat hirem Anker hänke bleift, hëlt een am beschten eng Zeckepëtz. Mat där dréit een, den héije Wee zu der Haut ëmmer schéin an eng Richtung an et zitt ee ganz douce. Wat een op kee Fall soll maachen, dat ass fir se mat Äther oder Alkohol ze betäuben.
Weist sech no 3 bis 30 Deeg eng entzünde Plaz, muss ee bei den Dokter.

Wat maache bei Sonnebrand, deen een natierlech am beschte ganz sollt evitéieren.
Et sinn d'UVB-Strahle vun der Sonn déi eis Haut verbrennen. Bei engem Sonnebrand vum éischte Grad geet et duer wann ee mat Krunnewaasser ofkillt an eng Crème drop mécht déi berouegt an hydratéiert. Duerno ob allefall aus der Sonn eraus bleiwen.
Ass de Sonnebrand méi schlëmm an huet ee Blosen, da soll een déi mat Seef wäschen an desinfizéieren. Duerno net vergiessen vill Waasser ze drénken. Bei enger Verbrennung vum zweete Grad, wat esou Blose mécht wéi bei soss anere Verbrennungen sollt een direkt bei den Dokter goen.

Wat ënnerhuelen am Fall vun engem Sonnestach?
E Sonnestach wou et engem dronke gëtt, wou ee féiwereg ass, sollt een direkt an de Schied goen. Am beschten op eng ventiléiert Plaz. Vill drénken. Sech mat fiichten Dicher awéckelen oder eng wootlech Dusch huelen.
Bei Hëtzschlag oder Sonnestach op kee Fall Paracétamol oder Aspirin huelen. Dat éischt hëlleft guer näischt, dat zweet verhënnert, dass den Organismus sech un d'Hëtzt adaptéiert.