D'Elizabeth Gilbert,  bekannt gi mat hirer Autobiographie ''Eat, Pray and Love'', feiert haut 50 Joer. D'Julie Mathes kuckt op hiert Liewenswierk zeréck.

18/07/2019 50. Gebuertsdag vum Elizabeth Gilbert

D'Elizabeth Gilbert ass zu Connecticut gebuer an huet hir Kandheet zesumme mat hirer Schwëster um Land verbruecht. Fernseh a Computer hunn déi zwee Meedercher net kannt. Kee Wonner, dass d'Elizabeth also schonns fréi hir Zäit mat Bicher liesen a Geschichte schreiwe verbruecht huet.

Nodeems si dunn e Bachelor a Politikwëssenschaften gemaach huet, huet d'Elizabeth Gilbert de Spaass um Reesen entdeckt awer dobäi d'Schreiwen ni vernoléissegt. Vu Kuerzgeschichten, iwwer Kolumnen an Artikelen bis op hir éischt Romaner huet d'Autorin Erfolleger awer och Defaiten erlieft.

Den Duerchbroch vu der Karriär koum dunn 2006 mat der Verëffentlechung vu hirer Autobiografie ''Eat, Pray & Love“. Dëst Meeschterwierk huet sech weltwäit 7 Millioune Mol verkaf an ass an 30 Sproochen iwwersat ginn.
No dësem Erfolleg ass de Film zum Buch erauskomm, wou d'Julia Roberts an der Haaptroll spillt. Et handelt vum Elizabeth hirer Weltrees nodeems si sech scheede gelooss huet. Si reest hei an 3 verschidde Länner, wou si virun allem op der Sich no sech selwer ass.

D'Elizabeth Gilbert ass eng passionéiert Schrëftstellerin, déi och no villen Defaiten d'Schreiwen ni opginn huet. Vum Forbes Magazine ass déi 50 järeg Autorin zu den 100 aflossräichste Mënschen aus dem 21. Joerhonnert gewielt ginn.
Dem Elizabeth Gilbert hiert neit Buch heescht "The city of girls" an erzielt vun enger eelerer Fra, déi zeréck op hir Jugend kuckt an entdeckt, dass ee kee braavt Meedchen muss si fir e gudde Mënsch ze sinn.