Déi schéinsten Zäit vum Joer kann een esou plangen, dass d'Stroumkäschte manner ginn an de CO2-Ofdrock reduzéiert gëtt. Et ginn awer nach Facteuren bei deenen ee ka spueren.

22/07/2019 An der Vakanz Energie spueren

- Elektresch Apparaten am Stand-by-Modus- dat heescht net dass déi och aus sinn. Villméi bedeit et, dass se eng Auerzäit kënnen uweisen a prett sinn, e Signal vun der Télécommande oder engem Netzwierk, zum Beispill Internet, ze empfänken. Et ass ofhängeg vum Alter a vum Typ vum Gerät wéi vill et am Stand-by verbraucht, a verschiddene Fäll kann dat esou guer méi sinn ewéi wann et richteg un ass. Dat ass virun allem de Fall bei Spill-Konsolen an Tëleeën. Am beschten e stécht een all déi Apparaten, Tëlee, Set-Top-Box, DVD-Player a Konsol, an eng Multiprise, fir se einfach an alleguer op ee Coup vum Stroumnetz ze huelen.

© Pixabay

- De Frigo an d'Tru lafe normalerweis weider, wa mir schonn honnerten oder dausende Kilometeren wäit fort sinn. Och si freeë sech iwwert eng kleng Vakanz. Do kann een duebel a nohalteg spueren: Duerch d'Entdeeën schmëlzt d'Äis op de banneschte Maueren am Apparat, a wann en erëm a Betrib geholl gëtt, schafft e méi effektiv a brauch manner Stroum, well d'Keelt net fir d'éischt nach duerch d'Äis muss kommen.

© Pixabay

- Wie mam Auto an d'Vakanz fiert, kann och dobäi de Portmonni schounen. Et fänkt mat de Wallissen un: Alles wat ee net onbedéngt brauch, bleift einfach doheem. Dann dass den Auto net iwwerlueden an et gëtt och net méi Diesel oder Bensin verbraucht. Dat gëllt net nëmme fir d'Mall, mä och fir den Daach. Mat manner Loftwidderstand kënnt ee méi bëlleg virun. Also Gepäckdréier a Boxen ëmmer ofmontéieren wa se net gebraucht ginn. Donieft soll ee kucken dass net ze mann a net ze vill Loft an de Pneuen ass, domatter kënne bis zu zwee Liter Sprit pro Tankfëllung gespuert ginn. A wann dobaussen manner ewéi 18 Grad sinn, bréngt och eng Klima-Anlag net vill. Déi mécht an deem Fall nëmmen den Tank an de Portmonni eidel.

- Exotesch Länner hunn hire Charme, mä eis Ëmwelt an eise Planéit soe Merci wa mer Vakanz heiheem oder an der Ëmgéigend maachen.