Dat war deemools eng Sensatioun an ass et nach haut ëmmer: De Sonnden ass et sou wäit, den 21. Juli sinn et 50 Joer, dass déi éischte Mënschen um Mound waren. 21 Stonnen a 36 Minutten waren si do an dono goung et nees heem op d'Äerd. Mir erënneren dëse Summer an eiser Serie Moundlandung un dës immens Entreprise a loossen och den 2. Mann um Mound zu Wuert kommen.

17/07/2019 Moundlandung: 1. Moundlandung

Dat ass de Buzz Aldrin an dee war viru kuerzem zu Lëtzebuerg, op Invitatioun vun der amerikanescher Ambassade. 89 Joer huet den amerikaneschen Ex-Astronaut a kuerz nom Neil Armstrong ass hien Nummer 2 um Mound. Seng Gedanken, wéi hien déi weltberühmte Schrëtt gemaach huet:
Hoffen dass ech net eroffalen. Et ass am Fong méi einfach gewiescht wéi geduecht. Et ass schwiereg dat ze trainéieren, mat der Unzéiungskraaft op der Äerd an dann op de Mound ze sprangen, dat ass anescht.

3 Männer waren et, déi den Aller-Retour als éischt gemaach haten, wéi gesot den Armstrong, den Aldrin an och de Michael Collins, deen awer net um Mound getrëppelt ass, een huet jo missten an der Kommandokapsel bleiwen an déi steieren. Dat huet hien awer elo net weider gestéiert, wéi hien an engem Interview sot:
Ech géif elo léie oder domm sinn wann ech géif soen, ech hätt déi bescht Plaz bei Apollo 11gehat hätt. Ech hat eng wichteg Roll ze erfëllen, wéi ech hannert dem Mound. Och wann ëmmer gesot gouf, ech wier do eleng gewiescht.; nee ech war glécklech a mengem klengen Domaine, an de Mound upaken stoung net op menger To-do Lëscht.

Gutt Iddien hat de Collins och, hien war deen den Emblème fir d'Apollo 11 designt hat, en Adler, deen um Mound lant, dofir konnt dëse Saz och an d'Geschicht agoen: The eagle has landed!

Et sollt also wouer ginn, Mënschen um Mound. De Fluch dohinner war gelongen, d'Landung och, sou wéi den amerikanesche President Kennedy et an enger Riet 1961 gesot hat. Nodeems de russesche Kosmonaut Juri Gagarin och 1961 als éischte Mënsch am All war, wollt d'USA net zréck stoen an Mënschen op de Mound schécken, dat war de Start fir den Apollo-Programm vun der Nasa. Nach emol emol de Buzz Aldrin:
De President hat jo gesot, e Mann op de Mound ze schécken an nees gesond op d'Äerd zréck ze bréngen, dat nach virum Enn vun deem Joerzéngt, hien hat näischt gesot vun 2 Leit an och näischt vun um Mound trëppelen. Mir hunn dat einfach gemaach.

Natierlech war sou en Entreprise mat immens vill Risike verbonnen et war laang net kloer, dass dëst da wierklech nach virun 1970 souwäit sollt sinn, sot den Neil Armstrong an engem Interview:
1 Mount virdrun gouf decidéiert fir op de Mound ze fléien, dass mir sou zouversiichtlech kéinte sinn an dass mir prett wieren. Ech duecht 90 Prozent misste mir hunn fir nees ganz zréck ze kommen, mä just 50 Prozent fir gutt um Mound ze landen. Well do goufen et sou vill Inconnuen, alles wat mir net beduecht hätten, kéint antrieden. Konnt jo och net getest ginn. Dat war e Risk an dat hu mir missten akzeptéieren fir dat ze erreechen wat mir wollten.

Alles mam But fir Mënschen op de Mound ze kréien, gouf d'NASA 1958 gegrënnt a virun den Apollo-Missiounen goufen et nach de Mercury-Programm an de Gemini-Programm. An deene éischte Rakéiten an den All waren awer nach keng Mënschen dran, mä fir d'éischt mol Déieren, 1959 war et den Af Sam. 10 Joer méi spéit war dunn de groussen Ament, wéi déi éischt Mënschen um Äerdtrabant gelant sinn. No 5 weidere Landungen um Mound gouf den Apollo Programm op en Enn bruecht an zanter 1972 war kee Mënsch méi um Mound.

De 16. Juli 1969 waren d'Astronauten vun der Apollo 11 gestart a war no der gegléckter Moundlandung an och engem gegléckten Moundstart, de 24. Juli nees op eisem Planéit ukomm. Ween nach méi iwwert dës Moundlandung wëll gewuer ginn, deen ass beim Bayerische Rundfunk richteg. A ganz villen Dokumentatiounen, Wëssenssendungen, Filmer a Gespréicher gëtt dës Entreprise nees an de Fokus gesat an als Kiischt um Kuch gëtt an der Nuecht vum 20. op den 21. Juli op ARD-Alpha d'Originaliwwerdroung vun der Moundlandung widderholl. Et gëtt eng laang Nuecht, well moies ëm 3 Auer 56 hat de Neil Armstrong säi Fouss op de Mound gesat.