Deenen meeschten misst bekannt sinn, dass genuch Schlof wichteg ass fir gesond ze sinn an et ass och net egal op wéi enger Säit mir schlofen. Dat huet elo eng nei Etüd erausfonnt.

25/07/2019 Ass Schlofen op der lénker Säit besser?

Mënschen, déi op der lénker Säit schlofen, bleiwen op Dauer gesond. Den Dr. John Doulliard weist a senger Etüd souguer dorop hin, dass ee sech sëlwer schueden kéint, wann een op der rietser Säit schléift. Ëmmerhin schlofen mir en Drëttel vun eisem Liewen, dofir huet dat och en groussen Impakt op eis Gesondheet. A wéi enger Positioun mir also schlofen, ass dofir net egal.

Wann een op der lénker Säit schléift, hätt een dës véier Virdeeler.

Éischtens hëlleft et op der lénker Säit Schlofen eiser Verdauung. Souwuel den Mo wéi och d'Bauchspeicheldrüs leien op eiser lénker Säit. Leet ee sech dann op déi lenk Säit, da géingen eis Verdauungsflëssegkeeten automatesch an déi richteg Bunnen lafen an d'Bauchspeicheldrüs kéint hir Enzymer besser ofbauen, well de Mo net am Wee ass. Dat wier nämlech de Fall, wann een op rietser Säit schléift.

Zweetens huet ee manner Soud, wann een op der lénker Säit schléift, well een domadder de Reflux verhënneren kann. Leit, déi op hirer rietser Säit schlofen, hunn duebel sou dacks mam Soud ze kämpfen, wéi Leit, déi op hirer lénker Säit schlofen.

Drëttens huet et positiv Effekter op eisen Lymphsystem. Dee System gehéiert zu eisem Immunsystem an ass fir den Transport vun de Nährstoffer verantwortlech sou wéi och fir d'Filteren vun den Offallstoffer. A well sech och d'Mëlz op der lénker Säit leit, kommen d'Offallstoffer iwwert d'Blutt besonnesch séier dohinner.

A véiertens entlaascht op der lénker Säit schlofen eist Häerz.  D'Aorta ass liicht no lenks gebéit. A wann mir op der rietser Säit schlofen, da misst Blutt géint d'Schwéierkraft no uewen gepompelt ginn an dat wier mat der Zäit immens ustrengend fir d'Häerz.

An och Leit, déi um Bauch oder um Réck schlofen, gëtt geroden sech op d'Säit ze leeën, well dovunner géing och eist Gehir profitéieren, well doduercher chemeschen Offall aus dem Gehir fort geleet gëtt. Domadder kéint een de Risk vun Alzheimer oder Parkinson miniméieren.