Haut virun 100 Joer koum de Pir Kremer op d'Welt. Den Auteur a Satiriker, deen am biergerleche Liewe Staatsbeamte bei Ponts et Chaussées war, ass vrun allem bekannt duerch seng vill Gedichter, Aphorismen, Texter fir d'Theaterbühn a vrun allem och duerch seng Radios-Emissiounen "Um Staminee" an "Silvesterrevue". An duerch seng Stëmm mat deem onverkennbare gerullten "R". D'Christiane Kremer erënnert un e Mann, deen dëst Joer nach emol besonnesch zu Éiere wäert kommen.

17/08/2019 100 Joer Pir Kremer 12h15

Haut wier den 100. Gebuertsdag vum Pir Kremer. Besonnesch zu Éiere kënnt hie vum 13. Dezember un am Kulturhaus Miersch am Spektakel "Um Staminee" vum Claude Mangen. Dozou gehéiert och eng intressant Ausstellung, déi den CNA an d'Literaturhaus vu Miersch opbauen. Den 1. November weise mer op Tëlee Lëtzebuerg och en Documentaire vum Frank Grotz mat Temoignagen a Biller iwwer d'Schaffen an d'Wierk vum Pir Kremer. Den Owend gëtt et och e Reportage am Journal op Tëlee Lëtzebuerg.
Detailler och op rtl.lu, do wou der de Futtballmatch FC Schinnegebees géint de Sportclub Flappeg kënnt ganz lauschteren.

FOOTBALLMATCH / F.C. Schinnegebees-Sportclub Flappeg vum Pir Kremer

© Jochen Herling