Déi lescht Samschdeger hu mer Iech um Radio an op der Tëlee mat an eng Partie vun de klengen Librairien uechtert d'Land geholl, se presentéiert an gekuckt a wéi wäit d'Librairen sech un d'Zäit an d'Clienten upasse mussen. D'Claudia Kollwelter wollt awer och wëssen wat si dann am léifsten liesen.

17/08/2019 Band Librairien Deel 3 11h45 -kollwelter

Bei der Fro nom Liiblingsbuch hunn déi meescht mol missten iwwerleeën an zouginn datt et net evident ass just eent eraus ze picken. Fir déi nei Responsabel vum Alinea an der Beaumontsgaass ass et dofir och éischter en aktuelle Coup de coeur wéi d'Liiblingsbuch wat se eraus gesicht huet. D'Elmira Najafi huet vum Buch "The Forty Rules Of Love" vum Elif Shafak zoufälleg iwwert en iraneschen Podcast héieren:

D'ass eng Geschicht tëscht dem Rumi an engem aneren, deen him hëlleft erëm op déi richteg Spuer ze kommen, an enger Phase wou hie sech bëssen verluer gefillt huet. Dat Buch ass immens spirituell - d'ass net dat wat ech normalerweis géif liesen - mee et war immens schéin, et ass ganz ganz flott geschriwwen, et beréiert een, et kann een sech heiansdo mat de Personnagen identifizéieren, well et ass ëmmer vun enger anerer Perspektiv geschriwwen. Mir huet et immens gutt gefall!

D'Laurence Hilger aus dem Bicherhaischen vun Nidderaanwen huet virop mol duerch déi eege Regaler doheem gekuckt wéi eng Bicher se méi wéi emol gelies huet. Ënnert deenen déi hir am beschten gefall hunn ass den "Harry Potter und der Feuerkelch" vum J.K. Rowling. D'Librairin huet dat 4. Band deemools op spuenesch gelies:

D'gëtt och eng ganz flott Anekdot dozou. Ech hat just ugefaangen mat spuenesch léieren, wéi ech den éischte Band ugefaangen hunn ze liesen an ech hunn all zweet Wuert am Dictionnaire nogekuckt, mee déi stoungen net dran. Ech hunn den Dictionnaire verflucht bis ech eraus fonnt hunn datt et déi a Wierklechkeet jo guer net ginn.

E Klassiker deemno fir d'Laurence Hilger - deen se och an hirem Bicherbuttek stoen huet deen sech op Kanner a Jugendbicher fokusséiert.

Nächst Woch op dëser Plaz ginn et dann nach weider Coup de Coeuren oder Liiblingsbicher vun Librairen. Op der Tëlee hëlt d'Claudia Kollwelter Iech den Owend an der Summerartbox mat an d'Librairie Diderich zu Esch.