Zënter gëschter ass et a Kuba erlaabt Wifi am eegene Stot ze hunn. Allerdéngs ënnert der Kontroll vun der Regierung, déi mat allem probéiert d'Wourecht am Internet ze verdeedegen. D'Awunner hunn sou just Zougang zu enger streng zenséierter Versioun.

30/07/2019 Internet-Revolutioun a Kuba?

De Vizeminister fir Kommunikatioun, Ernesto Rodrigues Hernandez, sot géigeniwwer der Noriichten Agentur AFP, dass d'Kubaner all Revolutioun ënnerstëtzen a verdeedegen, souwuel an der richteger ewéi och an der virtueller Welt. Den Internet an och déi sozial Medie wieren Instrumenter fir déi kubanesch Wourecht uechter Welt ze bréngen an net fir verschidde Saachen ze manipuléieren. 

De Secteur vun der Telekommunikatioun huet sech am leschte Joer immens weiderentwéckelt. Zënter Dezember kann een den 3G um Handy notzen. Et huet net laang gedauert, bis sech eng ganz aktiv Communautéit op de soziale Medien entwéckelt huet, déi d'Regierung ob déi alldeeglech Schwieregkeeten opmierksam maache well. Och Router dierfen d'Kubaner mëttlerweil importéieren an esou privat WLAN-Netzer schafen. Och dës sinn allerdéngs mam staatlechen Déngscht Etecsa verbonnen an d'Leitunge ginn iwwerwaacht. 

 

Elo hunn 80.000 Stéit en Internetzougang a ronn 2,5 Millioune Kubaner notzen hir 3G Verbindung iwwert den Handy. 

 

Mee net jidderee kann sech dëse Luxus leeschten! Fir eng Stonn am Internet ze surfen, muss ee ronn 1 Dollar, ëmgerechent 90 Cent, bezuelen. Eng riseg Zomm, wann ee bedéngt, dass den Duerchschnëtts Salaire bei 50 Dollar de Mount läit. Och den 3G huet en stolze Präis. Hei muss e ronn 7 Dollar fir 600 Megabyt berappen. Zënter Woche gëtt an de soziale Medie protestéiert. ënnert dem Hashtag "Maacht den Internet méi bëlleg" fuerderen d'Awunner méi sozial Präisser. 

 

De Vizeminister seet dozou, dass de Präis fir den Internet an de leschte Jore schonn e gutt Stéck erof gaangen ass, an en versprécht och dass et esou weider geet, wann d'Infrastrukture fir d'Kommunikatioun weider ausgebaut ginn.