Stellt Iech fir Der gitt an e Restaurant eran, iesst esou vill ewéi Der wëllt, an duerno decidéiert Der selwer wéi héich d'Rechnung ass. Dat klengt vläicht komesch, ass awer effektiv d'Konzept an engem Wiener Restaurant.

30/07/2019 Ee Restaurant ouni Rechnungen

De pakistanesche Restaurant Deewan läit an der éisterräichescher Haaptstad Wien, méi genee am 9. Bezierk. Wann een einfach just laanscht trëppelt gesäit en aus wéi een hondsgewéinleche Restaurant. Op der Aganksdier steet awer eppes wat een net sou oft gesäit: Pay as you wish. Wat "bezuelt sou vill der wëllt" heescht. Zanter 15 Joer kachen d'Besëtzer Natalie an Afzaal Deewan am "Der Wiener Deewan" fir hir Gäscht, ouni ze wëssen wéi vill Suen um Enn vum Dag zesumme kommen.

Op esou eng gelungen Iddi muss een natierlech mol kommen. 2004 ass den Afzaal als Flüchtling an Éisterräich ukomm. Eigentlech wollt en op London. Do huet en awer d'Natalie zu Wien kennegeléiert an sech anescht decidéiert.
Währenddeems en op seng Erlaabnis op Asyl gewaart huet, huet den Afzaal als Kichenhëllef ugefaang an huet fir grouss Gruppe missen akafen goen a kachen. Dobäi ass dem Afzaal opgefall, dass een fir e gudde Plat net onbedéngt vill Suen  ausgi muss.

Wéi den Afzaal dunn endlech d'Erlaabnis krut an Éisterräich ze bleiwen, war hien dem Dram vum eegene Restaurant scho méi no. Dem Afzaal war awer opgefall, dass d'Restauranten zu Wien zimlech deier sinn. Dofir huet hien decidéiert dass dat a sengem Restaurant anescht wäert lafen. An d'Konzept klappt. 3 Deewan Restaurante ginn et elo zu Wien, déi all nom selwechte Prinzip fonctionnéieren. Am eelsten dovun kommen elo an der Summervakanz "nëmmen" 300 Gäscht pro Dag. Soss sinn et der duebel sou vill.

An der Moyenne bezilt all Gaascht tëscht 5,25€ a 5,75€. Dat ass zwar vläicht net vill, geet awer duer fir d'Iessen, de Loyer, d'Payen vun de Mataarbechter ze bezuelen, an dass d'Besëtzer vum Deewan kenne liewen. A firwat fonctionnéiert et? Dem Nathalie an dem Afzaal Deewan no, verstinn d'Clienten, dass wann se och an engem Mount oder engem Joer wëllen iesse kommen, een net just e puer Cent kann dohinner leeën. Et soll éischter siele virkommen, dass Clienten guer näischt bezuelen. Den Afzaal seet awer och, dass wann eng Persoun kennt déi Honger, awer kee Geld huet, net hongereg fortgeschéckt gëtt. Um Schëld vum Restaurant steet net fir näicht "Essen für alle".

Déi Iddi ass gutt, bei de Loyeren hei am Land awer wahrscheinlech ondenkbar