Methoden, fir ze faaschten, ginn et der jo nawell en Masse. Eng Aart a Weis ass d'Iessen op gewësse Stonnen oder Deeg an der Woch ze begrenzen. Intervall-Faaschte soll de Stoffwiessel op eng gesond Aart a Weis stimuléieren.

31/07/2019 Ass et gesond 16 Stonnen näischt z'iessen?

Den Mënsch ass u sech net dofir konzipéiert permanent z'iessen, behaapt den Hamburger Dieteticien Matthias Riel. D'Originnen heivu leien an der Evolutioun. Als prehistoresche Jeeër a Sammler gouf et ëmmer een Wiessel tëscht Faaschten- an Iessenszaït. Dës Balance gëllt et dem Expert no erëm ze fannen an a säi Liewen z'integréieren.

Wann et keng Hongerphasen méi ginn, ass de Kierper permanent am sougenannten Späichermodus. Doduerch riskéiert een Iwwergewiicht, Kreeslaferkrankungen oder Diabetis ze kréien. Och Demenz soll eng Konsequenz vum exzessiven "Snacken" sinn. Wann een awer elo Faaschteperioden an säin Alldag aleet, léisst een dem Kierper Zäit fir nei Energie an d'Reserven sichen ze goen. Den Hamburger Expert proposéiert 2 simpel mee effektiv Methoden:
 
Déi eischt nennt sech 16:8. Hei soll een 16 Stonnen am Daach näischt zou sech huelen ausser Gedrénks ouni Zocker, dat heescht Waasser Kaffi an Téi. An den aneren 8 Stonnen kann een dann Iessen. Wat komplizéiert klengt ass u sech zimlech einfach. Eng Méiglechkeet wär d'Moiesiessen ze iwwersprangen. Dono kéint een vun 12 Mëttes bis owes 8 Iessen. 
Eng aner Methode ass seng Intervallen op d'Woch auszebauen an net op den Dag. D'Zil ass et während 2 Deeg net méi wei 500 Kalorien pro Dag z'iessen. Déi aner 5 Deeg kann een dann erëm normal iessen. Den Problem un dëser Variant ass dass een nawell méi Discipline brauch fir déi 48 Stonnen Faaschten ze packen. Eng normal erwuessen Persoun consomméiert an der Moyenne 2000 Kalorien den Dag. Mat 500 Kalorien kennt een also net all ze weit. Eng hallef Dous Pringelschips oder 2 Banannen an 200g net marinéierten Poulet wären hei schonn eng Dagesratioun.

Den Münchener Fitness- an Iesscoach Hanjo Fritzsche huet déi 16:8 Methode komplett adaptéiert. Laut eegen Erfarung sot hien dass et am Ufank schwéier ass well een dauernd un Iessen denkt. No enger Zäit gewinnt een sech awer drun sou dass engem den Verzicht mol net méi opfält. Dobäi kennt nach dass een sech méi fit fillt a besser konzentréieren kann.

Déi 2 Methoden kennen u sech vun all Mënsch benotzt ginn. Dat eenzegt wat een Brauch ass en bëssen Zäit an méi oder manner Discipline. Wann een op der Aarbecht zum Beispill gewinnt ass reegelméisseg um 10 eng kollektiv Mëtschen- a Kaffi Paus ze maachen kann een dat och bäibehalen. Allerdéngs muss een sech awer dann fir déi Variant mat den 2 Faaschten Deeg an der Woch entscheeden, oder seng Iessenzäit vun 10 bis 6 limitéieren.

Wann een dann bis déi passend Methode gewielt huet kann een ufänken déi eenzel Moolzechten plangen. Virun allem wann een sech fir déi Methode entscheet wou een 2 Deeg an der Woch nëmmen 500 Kalorien iessen däerf ass d'Plangen wichteg. Op RTL.lu ënner dësem Reportage fannt dir och nach 2 Méiglechkeeten wéi dir iech déi 500 Kalorien op den Daach verdeelen kënnt. Egal wat een elo mécht, et soll een ëmmer drun denken méiglechst vill Waasser ze drénken, Kaffi an Téi sinn och erlaabt.

Fir seng Motivatioun net ze verléieren kann een sech och nach seng Fortschrëtter opschreiwen. Dat muss och net direkt een Gewiichtsverloscht sinn. Wann een sech schonn manner midd spiert oder eng besser Verdauung huet kann een dat als positiv Reaktioun vum Kierper op déi nei Ernärung ophuelen. Eng Méiglechkeet dat ganzt bëssen ze acceleréieren wär natierlech Sport dobäi ze maachen. Hei soll een awer op verschidden Saachen oppassen, zemools wann een am Gaang ass ze Faaschten. Den Kierper soll sech nach gutt spieren an net iwwerfuerdert ginn. D'Zil ass net an enger Woch 10 Kilo ofzehuelen mee säin Stoffwiessel positiv ze stimuléieren fir sech op laang dauer besser ze spieren.

Optioun 1:

Moies:  1 gekachten Ee (75 kcal)
Mëttes: 150g Poulet mat Zalot (200 kcal)
Nomëttes: 1 Banann (90 kcal)
Owes: 50g Vollkarbrout mat enger Tomat (120 kcal)

Optioun 2:

moies: näischt
Mëttes: 100g  Spaghetti (350 kcal)
Owes: 2 Eeër (150 kcal)