Schoulen, Theater, Kino, Kierfecht, Rousen, Bistroten, Schueberfouer - dat ass an e puer Wierder ausgedréckt, dat wat engem afält, wann een iwwer de Lampertsbierg schwätzt. De Quartier, dee sech vum Stater Park bis déi aner Säit erof op Eech oder an de Rollengergronn zitt ass nach guer net esou al, mä an de leschte Jore quasi explodéiert.

D'Christiane Kremer proposéiert an enger klenger Serie mam Anicet Schmit an dem David Dominguez Muller vun de Geschichtsfrënn Lampertsbierg e puer Aspekter vun dësem Staddeel.

19/08/2019 Serie Lampertsbierg 1: Glacis-Kappell 08h15

Entstanen ass de Lampertsbierg als de Quartier, dee mer haut kennen, zimlech spéit. Eréischt wéi 1867 d'Festung Lëtzebuerg ofgedroe gouf, hunn d'Leit och ausserhalb vun den ale Maueren ugefaange sech néierzeloossen.

Schonn am siwwenzéngte Joerhonnert war eng Kappell gebaut ginn virun de Puerte vun der Festung. De Jesuitepater Jacques Brocquart hat hei eng Mariefigur aus Holz opgestallt. Déi Kapell existéiert haut awer net méi. Eréischt 2016 bei den Tramaarbechten ass d'Fondament nees opgetaucht.

© Buch Lampertsbierger Geschichtsfrënn

Déi ganz Geschicht vum Quartier hunn d'Lampertsbierger Geschichtsfrënn an engem Buch "De Lampertsbierg - l'histoire d'un quartier florissant" festgehalen, dat op bal 500 Säite déi vill Facettë vum Quartier beliicht mat ganze ville Fotoen a Biller vun deemools an haut.