Et ass Stater Kiermes an deemno ginn d'Hämmele gerëscht, d'Kanner loossen hire Kaffi stoen a lafen hannendrun, op de Glacis, well do ass dat gréisste Volleksfest aus dem Land mat Iess-Buden, Stänn a ville Spiller, mat Musek a Luuchten a vill Ambiance.
Dobäi war d'Plaz net ëmmer déi selwecht erklären d'Geschichtsfrënn Lampertsbierg.

23/08/2019 Serie Lampertsbierg 5: Schueberfouer 14h15

Déi ganz Geschicht vum Lampertsbierg ass iwwregens ganz flott illustréiert am Buch "De Lampertsbierg", dat d'Geschichtsfrënn lescht Joer erausginn hunn. Nëmmen nach e puer Exemplärer sinn ze kréien an déi kann ee bei hinne bestellen. D'Buch kascht 69€.