Séier no der Aarbecht nach bis an de Supermarché. Genau dëst ass déi falsch Astellung. Déi sougenannte Spontanakeef soll ee vermeiden. Hei landen an der Reegel ze vill a virun allem och onnéideg Produiten am Akafsweenchen, déi engem dann duerno futti ginn an an d'Poubelle fléien. E gudden Akaf brauch Zäit an et soll een sech och preparéieren, Jil Arend. 

01/08/2019 Liewensmëttel bewosst akaafen

Fir d'éischt emol doheem nokucke wat een nach alles huet. Jo och am leschten Eck vun der Spëndchen an am däischterste Lach am Frigo. Hei verstoppen sech alt gären emol Saachen déi ee vergiess huet. Et kënnt alt emol fir dass sech hei Schimmel gebilt huet. Dat heescht awer nach laang net, dass alles an d'Poubelle gehéiert. Bei Gebeess mat méi ewéi 50 % Zockergehalt breet de Schimmel sech éischter lues aus. Bei Kéis oder Wurscht ass dat allerdéngs e bësse méi problematesch, well d'Sporen sech vill méi séier ausbreeden. Déi gehéieren dann awer an d'Poubelle. Mee de Jughurt deen zënter enger Woch ofgelaf ass awer net. Op den Packunge steet jo "mindestens haltbar bis". Hei gëllt de Grondsaz: fir d'éischt kucken, da richen an da probéieren. Ass alles normal, kann een d'Produiten ouni Problem nach genéissen. 

 

Da soll een sech Gedanke maache wat een an den nächsten Deeg kache well. Et soll awer elo kee Menüsplang fir nei nächst 3 Wochen opgestallt ginn; et ass besser e puer mol méi kleng akafen ze goen, ewéi ee mol 3 Käddie voll ze maachen. Wann een da wees wat een huet a wat ee brauch kënnt déi gutt al Akafslëscht an den Asaz. Wann een sech genau opschreift wat gebraucht gëtt muss een herno och manner ewech geheie wat engem futti gaangen ass. 

 

Am beschte kuerz éier een akafe geet nach eng Klengegkeet iessen. Wëll wann de Mo eidel ass, ginn d'Aen méi grouss an et lant méi am Akafsweenchen. Am Supermarché soll een sech da probéieren esou gutt ewéi méiglech un déi preparéiert Akafslëscht ze halen. Aktiounen, ewéi 1+1 gratis, oder dës Woch an der Promotioun soll beschtefalls ignoréieren. Se verleeden eis oft just dozou Saachen ze kafen déi guer net gebraucht ginn. An der Kees soll een dann och boer bezuelen; esou passt ee méi op, wat an och wéi vill een iwwerhaapt keeft.

 

Doheem ukomm, soll een net einfach alles beieneen an de Frigo leeën. Lagert een seng Liewensmëttel richteg, dann halen se sech e gutt Stéck méi laang. Uebst a Geméis gehéiert ganz ënnen am Frigo an d'Geméisfaach. Ob déi ënnescht Oflag dann de Fësch an d'Fleesch. Mëllechproduite kommen an d'Mëtt a ganz uewe kennt de Kéis an allméiglech Reschter. Opgemaachte Béchsen am beschten ëmfëllen an esou séier wéi méiglech verbrauchen. 

Produiten ewéi Brout, Ueleg, Auberginnen, Avocadoe souwéi Friichten aus dem Süde gehéieren net an de Frigo. An Tomaten an Äppel am beschten ëmmer separat lageren; si stréimen nämlech Ethyleengaas aus, wat dozou féiert dass aaner Uebst oder Geméis méi séier zeideg gëtt. A Gromperen an Ënnen bleiwen am längste frësch do wou et donkel an dreschen ass.