Ween kennt et net, et mécht een eng Tut Chips oder Nëss op, an et hält een einfach net méi mam Schneeken op. Op elo beim liesen, bei der Tëlee oder op der Aarbecht, et gëtt kaum een deen nach ni dësem Pleséier verfall ass. Allerdéngs ginn et puer kléng an simpel Tricken déi een kéint uwenden fir net sou dacks no Séissegkeeten oder Chipsen ze gräifen, Michèle?

01/08/2019 E puer Tricke fir manner ze Naschelen

Prinzipiell geet et duer eng gesond Ernärung ze hunn fir d'Gloscht ze limitéieren. E puer aner Méiglechkeeten ginn et awer nach déi en ähnlechen Effekt op den Kierper hunn.
Dat wichtegst ass de Schlof fir unzefänken, an dat net nëmmen well een zur dëser Zäit näischt ësst. Den Schlof stimuléiert d'Hormoner am Kierper déi fir d'Hongergefill verantwortlech sinn. Sou gëtt zum Beispill am Schlof den Hormon Leptine produzéiert. Dëst Hormon gëtt dem Kierper e Sättegungsgefill. Béi Schlofmangel  ass et den Hormon Ghrélin dee vum Kierper ausgeschott gëtt. Hei gëtt d'Hongergefill  an haaptsächlech d'Gloscht op ongesond Saachen beaflosst. Ee gudden Schlof ass also schonn den éischten Schratt an déi richteg Richtung.

En weideren Tipp ass d'Iessen net op präzis Auerzäiten am Daach ze fixéieren, mee sech vun sengem Hongergefill leeden ze loossen. Wann een um 12 nach keen Honger huet, kéint een einfach d'Mëttespaus bëssen no hannen verréckelen. Wann een méi Honger huet dann ësst een logescherweis och automatesch méi, sou dass een net schonn erëm um 3 glëschtereg ass.
Wann een den System optiméiere wëllt, hëlleft et opzepassen wat een et ësst. Junkfood hält bekanntlech net laang bäi. Besser wär dréchent Geméis, net ze fetteg oder Kuelenhydrater.

De Léit deenen d'Zäitspan vun Mëttes bis Owes ze grouss ass et awer och net verbueden e klengen Nomëttes Snack anzeleeën. Wichteg ass awer dass et net eng spontan Naschelattack ass, mee een gezielten a gesonden Snack wéi zum Beispill eng Banann oder Vollkarbrout.
En hygieneschem Tuyau fir seng Naschelattacken ze bremsen, ass Zänn wäschen. D'Zahnpasta hëlt engem den Iessensgoût aus dem Mond an ersetzt en mat engem erfrëschenden Geschmaach deen d'Loscht op en Dessert verklengeren soll.