Mat 34 Joer sech selbstänneg maachen, dat war d'Iddi vum 34 Joer alen David Maroko. Zanter 2012 lieft de gebiertege Fransous zu Lëtzebuerg an huet zanter kuerzem zesumme mat senger Fra eng Start-Up gegrënnt. Si wëllen déi éischten nohalteg Vëlos-Casquë produzéieren a verkafen.

02/08/2019 En nohaltege Vëlos Casque vun enger lëtzebuerger Start-Up

D'Iddi ass eigentlech ganz simpel: Et fënnt een net dat richtegt, wat ee sech virstellt, also mécht een et kuerzerhand selwer. Sou ass et dem David Maroko a senger Fra Rebecca, gaangen.

Allebéid hu mir eis missen en neie Vëlos-Casque zouleeën, well eis ze al waren. Mir benotzen de Vëlo, well mir an der Stad wunnen a quasi all Dag den Drotiesel fir op d'Aarbecht benotzen oder Akafen ze fueren. Bei der Sich no engem neie Casque ass eis opgefall, dass et net wierklech e Casque gëtt, deen e bësse méi no Design ausgesäit a méi en urbane Stil huet. Déi meeschte Vëlos-Casque wiere méi fir sportlech ausgeriicht.
 

© Dada Cycles

No e puer Recherchen hunn déi zwee du misse feststellen, dass et net nëmme bal keng oder guer keng Casquë ginn, déi e flotten a méi urbanen Design hunn, ma dass nëmmen en Drëttel vun de Leit, déi e Vëlo am Alldag benotzen, sief et fir op d'Aarbecht ze fueren oder Akafen ze goen, iwwerhaapt kee Casque undoen. An dat wier immens geféierlech fir de Cyclist:

Wann een e Vëlos-Casque unhuet, geet bei engem Accident de Risk, fir déidlech um Kapp blesséiert ze ginn, ëm 70% erof. Also wier et elo un der Zäit, fir dat Praktescht mat deem Schéinen ze verbannen an en Casque ze designen, dee bei déi Leit passt, déi de Vëlo am Alldag benotzen an net fir Sport ze maachen. Fir eis wier et wichteg, dass de Cyclist sech wuel dra fillt a gären eise Casque undeet, well e bei säin Outfit passt.

© Dada Cycles

Vun do u war d'Richtung kloer, an déi si wollte goen. Hire Vëlos-Casque soll engersäits gutt ausgesinn, performant sinn an de Kapp vum Cyclist géint Blessure schützen, an awer och aus nohaltegem Material sinn. Déi meeschte Vëlos-Casquë sinn den Ament aus Plastik gemaach, dee mat Hëllef vun Pëtrol gewonne gëtt. Dat si Stoffer, déi een herno net méi ofbaue kann. Dofir war et dem David an dem Rebecca Marokko wichteg, nohalteg Materialien ze fannen.

Mir sinn op zwou Alternative gestouss. Engersäits recycléierte Plastik, dee schonn eng kéier gebraucht gouf oder e Bio-Plastik, deen zu 100% aus biologesche Stoffer besteet, also ganz natierlech ass an deen een zu 100% ofbaue kann. An hirem Fall wier dat Plastik, deen aus brongem Zocker gemaach gëtt.

© Dada Cycles

D'Liewensdauer par rapport zu anere Casquë wier déi selwecht. En plus sinn och d'Rimmer fir de Casque um Kënn zouzemaachen aus veganem Lieder a fir engem d'Saach ze vereinfachen, sinn d'Rimmer mat Hëllef vun engem Magnéit zesumme gehalen. A fir hiren ekologesche Foussofdrock sou kleng wéi méiglech ze halen, hu si sech Fournisseuren aus de verschiddenen Nopeschlänner gesicht.

Den Ament gëtt et de Casque nach net ze kafen. Am Hierscht leeft awer eng Crowdfunding Campagne un, wou een déi nohalteg Vëlos-Casquë ka virbestellen. Méi Informatioune fannt Dir och op

.