Souveniren, Filmer, Fotoen. E Mëttwoch, den Dag wou d'Ikon aus dem franséische Kino 105 Joer kritt hätt, ass deen neie Musée zu Saint-Raphaël opgaangen.

02/08/2019 E Musée fir de Louis de Funès

Mat iwwer 140 Filmer huet de Louis de Funès 270 Millioune Spectateuren an d'Kinossäll gelackelt an iwwer 400 Millioune virun Tëlee. De Star gehéiert zum Patrimoine vum franséische Kino.

Fantômas, Oscar, les Aventures de Rabbi Jacob, Soupe aux Choux, Le Petit Baigneur, L'Aile ou la Cuisse ... et ass onméiglech fir déi ganz Filmographie vum Louis Germain David de Funès de Galarza opzezielen. Den 31. Juli 1914 zu Courbevoie gebuer, am Januar 1983 ass hien zu Nantes gestuerwen. De Komiker mat spuenesche Wuerzelen ass e Mythos vum franséische Film an nodeems eng fréier Expo iwwer hien zu Cellier am Schlass zougemaach huet, hunn enorm vill Fans d'Famill kontaktéiert a gesot et wier schued, dass keen Undenken un den de Funès méi do wier.

Deen neie Musée ass elo zu Saint-Raphaël. Firwat net zu Saint-Tropez? An der Heemecht vun de Gendarmes de Saint-Tropez?

D'Meedchen vum Louis de Funès hat d'Gemeng vu Saint-Tropez kontaktéiert. Huet awer ni eng Äntwert op d'Fro kritt, ob et méiglech wier deen neie Musée eben do ze installéieren wou déi berühmt Gendaarmen hir Gendarmerie haten.
An den ale Gebailechkeeten vun der Film-Gendarmerie ass zanter 2016 de Musée de la Gendarmerie.
Sou huet d'Famill decidéiert fir net wäit ewech, ëmmer nach am Departement Var, deen neie Musée zu Saint-Raphaël opzemaachen.
Iwwer 350 Objeten an Dokumenter sinn ausgestallt. Perséinlech Fotoen, Souvenire vun Tournagen, Filmextraiten, Interviewen. De Musée Louis de Funès zu Saint-Raphaël, eng schéi Plaz fir méi gewuer ze ginn iwwer de Komiker.

De Link bei de Musée fannt Der hei: