Mir fueren an Amerika; fir genau ze sinn op Philadelphia an den Eastern State Penitentiary. E Prisong, deen engem d'Blutt an den Oderen fréiere léisst. Zu senger Zäit ass en vu ville Prisonéier gefaart ginn. Haut ass et e Musée, mee d'Geeschter vun den deemolegen Prisonéier, déi an dëse Wänn op eng grausam Aart a Weis ëmkomm sinn, sollen hei nach ronderëm geeschteren, Jil Arend.

02/08/2019 grugelegste Prisong vun der Welt

1829 ass den Eastern State Penitentiary opgemaach ginn. An de winzegen Zellen, ouni Dagesliicht, souzen där vun der ganz schlëmmer Zort: Mäerder, Mafia- oder Droge Bossen. Et war deen éischte Prisong an Amerika dee mat psychologesche Foltermethoden an der Isolatiounshaft geschafft huet; d'Prisonéier sinn deelweis bis zu 2 Wochen um Stéck agespaart ginn an hate guer kee Kontakt mat Mënschen. Wann se ausnamsweis aus der Zell dierften, da nëmme mat engem Sack iwwert de Kapp.

Et gouf awer och zu extreme  gegraff fir de Wëlle vum Gefaangenen ze briechen. Se goufen an äiskaalt Waasser gezappt an duerno bei Minustemperaturen opgehaange fir ze dréchnen. An dat esoulaang bis sech eng richteg Äisschicht um Kierper gebillt huet. Eng aner Foltermethod war d'Fesselen. D'Prisonéier goufen esou fest un engem Stull ugestréckt, dass d'Blutt net méi zirkuléiere konnt. Ganz oft sinn hir Been oder Äerm ofgestuerwen a hu missen amputéiert ginn.
MethodeHunn sech d'Prisonéier da guer net gepackt, sinn se an däischtert d'Lach geflunn. Ouni Iessen oder Toilette hunn se hei virun sech hi vegetéiert.

Bei dëse Mënschen onwierdege Konditioune sollen eng 1200 Prisonéier ëm d'Liewe komm sinn. Et gëtt gemunkelt, dass d'Séile vu verschiddene Gefaangenen awer de Prisong ni wierklech verlooss hunn. An déi hunn och net Halt viru grousse Perséinlechkeete gemaach. Den Al Capone, deen 9 Méint hei asouz, gouf vum Geescht Jimmy verfollegt. Virun allem an der Nuecht war et ganz schlëmm an et huet een de Mafia-Boss duerch de ganze Prisong jäizen héieren. Virun allem am Block 12 solle vill Geeschter hir Onwiesen dreiwen. Visiteure behaapten se wiere vun iergendeppes ugehale ginn an hätten e grujelegt Laachen héieren.