Wat liesen d'Librairen eigentlech gäre selwer? Déi Fro huet d'Claudia Kollwelter de Proprietären vun de klenge Librairien uechtert d'Land gestallt. Nodeems mer Iech d'läscht Woch schonn 2 Coup de Coeuren presentéiert hunn schléissen mer d'Serie iwwert d'Bicherbutteker haut mat 2 weideren of:

24/08/2019 Serie Librairien Deel 4 11h45 -kollwelter

D'Anne Diderich vun der Librairie Diderich huet am Fréijoer dem Ulrich Woelk säi Roman "Der Sommer meiner Mutter" gelies, deen am Joer 69 spillt an d'Geschicht vun engem klenge Jong zielt

Seng Elteren sinn éischter konservativ a se hunn e bëssen Problemer am Stot. Wéi dunn nei Noperen era geplënnert sinn an déi waren lénk geriicht a ganz engagéiert. An do ass dann nach e kleng Meedchen dobäi wat de Jong léiert wat Pop Musek a wat Léift ass, wat Gefiller sinn. Dat ganzt ass absolut net kitscheg geschriwwen, mee et ass eng politesch Geschicht, wou dono awer tragesch endegt.

Vum Portrait vun enger Kandheet an de 60er Joren dann bei eppes ganz aneres. Der Christina Matthieu aus dem ChrisTina's Bicherbuttik vu Wolz hire Coup de Coeur ass nämlech en Thriller. "Totenlied" vum Tess Gerritsen:

D'geet ëm eng Damm, déi geet an Italien a se geet an e klenge Buttek a spillt Gei. Se hëlt en aalt Lidd a fänkt un dat ze spillen. An do geschéien dann Saachen. An am Fong am Buch geet et ëmmer zréck an de Krich. Et ass eng Libesgeschicht an d'geet zréck zu der Damm hautdesdaags. Et muss een dann verstoen wisou dat Lidd an sou enger héijer Tounlag op der Gei gespillt gëtt. Dat ganzt gëtt dann erkläert. An wann een d'Buch dann aus huet, dann denkt een: et muss schrecklech gewiescht sinn deemools."

D'Christina Matthieu liest immens gären Thrilleren a spillt och selwer Gei. Virun Joren huet se d'Buch eng éischte Kéier gelies, allerdéngs net fir d'läscht.