De Simon, de Louis an de Panda si Bridder – an esou verschidde vuneneen wéi een nëmme ka sinn. Hir Mamm Olga ass meeschtens alleng mat hinnen, well de Papp sech nëmme sporadesch doheem weist. Dat ass déi Famillekonstellatioun vun der d’Claudine Muno an hirem Roman”Sou wéi et net war” ausgeet. D’Bea Kneip huet sech mat hir doriwwer ënnerhalen.

08/08/2019 Lecture vun heiheem: "Sou wéi et net war" Claudine Muno

“D’Leit si sech eens, dass nëmmen ee vun de Bridder et wäert zu eppes bréngen. Am Moment wier et am séchersten, säi Geld op de Simon ze wetten. Hien ass Sportler an e gudde Schüler an hie weess dat bescht aus deem Wéinegen ze maachen, wat d’Liewen him an d’Hand gedréckt huet. Hie weess sech ze hëllefen, a wann et muss sinn, hëlleft hien och nach all deenen aneren.
D’Leit si sech eens, dass et mat engem vun de Bridder kéint schif ausgoen. Am Moment gesäit et esou aus, wéi wann dat misst de Panda sinn. Hien huet eréischt 8 Joer, dofir kann een nach net ganz sécher sinn, mee wahrscheinlech ass et schonn.”

“D’Leit si sech eens, dass nëmmen ee vun de Bridder et wäert zu eppes bréngen” an “D’Leit si sech eens, dass et mat engem vun de Bridder kéint schif ausgoen” Zwee Säz aus dem Klappentext déi d’Situatioun net besser kéinte beschreiwen. Do ass de Simon, dee grousse Brudder, gudde Schüler a begeeschterten Athlet, dee mat senge 17 Joer déi Responsabilitéiten iwwerhëlt mat deene säi Papp iwwerfuerdert ass. An op der anerer Säit dee jéngsten, de Panda, mat senge grad emol 8 Joer d’enfant terrible vun der Famill, dem seng Dommheeten net just fir hien mä och fir anerer sériö Konsequenzen wäerten hunn. Dat war den Ausgangspunkt fir der Claudine Muno hir Erzielung. Wéi et du sollt weidergoen, huet si awer bewosst net geplangt, si huet hir Personnagen einfach emol  maache gelooss:
Der Claudine Muno hir Personnagen entwéckelen sech an hirem eegene ganz spezifesche Kontext, mat alle finanziellen a praktesche Contrainten, a mussen och selwer decidéieren wéi vill Verantwortung si bereet sinn fir anerer ze droen. Och dobäi méscht d’Autorin sech net an, an et gi weder Rügen nach Bonne-Note verdeelt.
Et kritt een den Androck, dass zwee vun de Bridder hiert Liewen aktiv gestalten, iwwerdeems den drëtten sech einfach dreiwe léisst, mä och dat ass keng Bewäertung, mä einfach eng Feststellung.
Interessant ass och der Claudine Muno hir Duerstellung vum Simon senger Homosexualitéit. E Personnage, den sech grad esou wéi seng Bridder net op eng eenzeg Charakteristik reduzéiere léisst an dee seng eege Manéier huet fir mam Liewen eens ze ginn. Doraus erklärt sech och den Titel: sou wéi den een et ëmfonnt huet, an der Famill Hoffmann opzewuessen, war et net onbedéngt fir den aneren.  “Sou wéi et net war” ass op alle Fall e Roman den ech mat guddem Gewëssen recommandéiere kann.

“Sou wéi et net war” vun der Claudine Muno ass am Verlag Op der Lay erauskomm.

© RTL/Bea Kneip