Den 13. August 1899 koum de britesch/amerikanesche Regisseur op d'Welt. Kee Mënsch hat et sou gutt verstane fir mat den Ängschte vun de Mënschen ze spillen. E klenge Portrait fir de Gebuertsdag vum Marie Gales

13/08/2019 120 Joer Sir Alfred Hitchcock

Den Alfred Hitchcock wousst dem Kinogänger en neit Gefill ze vermëttelen: Suspense. Dat war fir hie vu grousser Wichtegkeet, sou dass hien och mol sot, dass hie sécher wëll sinn, dass et de Leit Spaass mécht, wann hien hinnen Angscht géif ajoen. Wéi kee Filmmann virun him an duerno konnt hien d'Mënschen a seng Geschichten sou abannen an huet op einfach a kloer Duerstellunge gesat ouni dass ee gesinn huet wat richteg geschitt ass. Hie wousst domadder genee ze spillen.
 
Den Hitchcock gouf net an enger agesiesse Filmfamill eragebuer zu Leytonstone. Seng Elteren haten e Geméisbuttek an hien als jéngste vun 3 Kanner hat séier eng Leidenschaft fir Technik a Mathematik entwéckelt. Ma hie war och begeeschtert vum Theater a mat 20 Joer ass hie bei britesch Filmindustrie schaffe gaangen. Den Hitch, wéi hie sech och selwer genannt huet, huet alles vu ganz ënnen u geléiert wat ee fir Kino a Film muss wëssen, vum Designe vun de Kostümer bis zum Iwwerschaffe vun Dréibicher. Hien hat séier erkannt, dass sech d'Filmwelt ëmmer méi zu Konscht entwéckelt hat an domadder war hir hie kloer wat hie wéilt maachen.1940 war hien an d'USA gaangen a war zu engem vun de gréisste Männer an der Filmbranche avancéiert.
 
Fir den Hitchcock war d'Bild dat Wichtegst am Film, d'Dialoger waren éischter Niewesaach. Ob dat verhënnert huet, dass hien am Laf vu senger Carrière keen eenzegen Oscar gewanne konnt, obwuel en X mol nominéiert war. Et heescht hie wier schwiereg gewiescht, vill wieren net richteg mat him eens ginn. Eng ganz ellen Erfarung huet och déi amerikanesch Actrice Tippi Hedren aus de Filmer ''Marnie'' a ''Birds'' misse maachen. Nodeems si net op dem Hitchcock seng Avancen agaangen, krut si seng Roserei ze spieren an hir gedréit hir Carrière ze ruinéieren.
 
Iwwer 50 Filmer hat den Hitchcock gedréint, dozou ziele „Vertigo“ „Psycho“, ''Rear Window'' oder ''North by Northwest'', mä nach vill anerer wéi ''Rebecca'' an eng Rei Dokumentarfilmer wéi ''Night will fall'' mat Filmmaterial, déi d'Nazi-Verbriechen an enger Rei Konzentratiounslageren weisen, och den Alfred Hitchcock hat do matgeschafft. Net ze vergiessen, den Hitchcock hat och senge eegen Televisounserie an där hien da mat grousser Freed ganz makaber Texter vu sech gouf.
 
Mä wéi sou munch bekannte Mënsch, huet och de Hitch selwer ganz zeréck gezu gelieft, ass op keng Feier gaangen an huet léiwer doheem giess a geschafft. Mat senger Fra Alma war hie 54 Joer laang bestuet an si haten eng Duechter zesummen, d'Patricia, déi och Actrice gouf a viru kuerzem 91 Joer gefeiert huet.

Eng besonnesch Charakteristik vum Regisseur war selwer dacks a sengen eegene Filmer a ganz klenge Rollen opzetrieden an deene sougenannte Cameo-Optrëtter.